Expositions

Vernissage
Donnerstag 30.11.2017 | 18:30

Vom Dienstag 05.12.2017 bis Sonntag 28.01.2018

700 Joer Mierscher Laangbréck

Mierscher Geschichtsfrënn


Ausstellung vun de "Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch" mat ville Fotoen, Dokumenter an Artefakten. Déi Mierscher Laangbréck zielt zu deenen eelste Brécken hei am Land. Wéi vill Virgänger ons haiteg nei rout Laangbréck am Laf vun der Zäit dann elo hat, ass net mat Sécherheet ze soen. Et waren der op alle Fall méi, wéi bis elo ugeholl. An dëser Ausstellung gi mir mat iech zesummen iwwert reell, awer och virtuell Brécken. Nom Motto "Brécke verbannen" versichen d'Geschichtsfrënn een oder deen anere Bréckebou mat onser Vergaangenheet ze schloen.

 

D'Geschicht vun onser Uertschaft, vun hire Leit an hirem Alldag ass vill méi enk mat all deene Bréckebauwierker verbonnen, déi am Laf vun der Zäit iwwert d'Uelzecht gefouert hunn, wéi een dat vläicht mengt.

 

Fräien Entrée. D' Ausstellung ass op: Dë - Do | 14:00 - 16:00 | & op Rendezvous. Während de Schoulvakanzen ass d’Ausstellung zou.

 

D'Ausstellung ass folgend Sonndeger op: 10.12. | 17.12. | 07.01. | 14.01. | 21.01. | 28.01. | 15:00 - 17:00