Expositions

Du Jeudi 25.10.2012 | 18:30 au Dimanche 02.12.2012 | 18:00
Präsenz vun de Kënschtler
Dimanche 04.11.2012 | 15:00 - 18:00
Dimanche 25.11.2012 | 15:00 - 18:00
Dimanche 02.12.2012 | 15:00 - 18:00
Roude Fuedem a beschte Schnëppel
Anne-Marie Herckes, Lily Weisgerber
Konschthandwierk
Scho bal vun Ufank un hunn d'Mënsche probéiert, hiren Environnement méi schéin ze maachen, mat Molereien, Kleeder, Bijouen a Gebrauchsartikelen… Schonn am Mëttelalter gouf et d'Designertheorie, ma eréischt am 21. Joerhonnert huet si sech a ville Branchen wéi Miwwel, Kleeder oder Bijouen ausgebreet a lues a lues Fouss gefaasst. E Bijou ass zënter éiwegen Zäiten e Stéck fir sech ze verschéineren, fir op ze falen, op Wuelstand hin ze weisen a den Houfert ze këddelen. Ee vun den eelsten Handwierker nieft der Wirkerei an der Poterie ass d'Wiewen, déi eelsten Technik fir Duch (Ëmgangssprooch „Stoff“) hierzestellen fir déi verschiddensten Notzen. An der Ausstellung treffen sech déi zwee Konschthandwierker an hiren Iwwerleeungen an an hirer Zesummenaarbecht.
Vernissage Donneschdeg 25.10.12 | 18:30
Ausstellung vum 26.10. - 02.12.12
Fräien Entrée
Op vun Méindes bis Freides vun 14:00 bis 18:00 an op Rendez-vous
D’Ausstellung ass op a Präsenz vun de Kënschtler
Sonndeg 04.11.2012, 25.11.2012 an 02.12.2012 | 15:00 - 18:00
ATELIER Wiewerhandwierk
Mir wiewe kleng Objeten.
Lily Weisgerber Wiewcours an der Allerhéllgevakanz fir Kanner vu 7 Joer un.

Dënschdeg 30.10.12 & Mëttwoch 31.10.12 | 14:00 - 16:00
Op einfache Wiewrumme léiere mer zesummem wéi d'Technik vum Wiewe fonktionnéiert. Aus faarwege Fiedem entsteet an der kurzer Zäit e klengt Gewiews fir matheem ze huelen. Während 1 . Stonn kréie mir e Bléck an d’Wiewerhandwierk Informatiounen an Umeldung Lily Weisgerber | T. (+352) 35 82 67 | Den Atelier ass gratis