Theatre

Samedi 01.04.2017 | 20:00 | Tickets

Tickets: 20,00 €
Reduzéiert: 10,00 €
Spectacle enLU
PlacesFree seating
Réservation par téléphoneT. (+352) 47 08 95 1 luxembourgticket.lu

Al ginn ass näischt fir Feiglinger

Kabarä Feierstëppler


Déi eng ginn op déi 50 lass an déi aner op déi 60. 3 Männer an 3 Fraen. Si sinn net al. Si sinn am gaang al ze ginn. Awer dat dauert nach. Alles zu senger Zäit. Elo erfëllen se sech mol nach en alen Dram. Den Dram vun enger WG, enger Wunngemeinschaft.

 

Dat haten se alleguer mol eng Kéier wëlles. Fréier. Alle sechs. Awer éischtens kënnt et anescht an zweetens wéi een denkt. Deen ee koum net eraus aus dem Hotel Mamma, deen aneren ass vum Kannerzëmmer direkt an d’Hochzäitsbett geplënnert an een aneren ass direkt no der Uni, wéinst dem Job, vu Land zu Land gereest an huet seng Nuechten gréisstendeels an Hotelszëmmere verbruecht. An da war nach eent, datt ass vun engem bei deen anere geplënnert an en anert… Jee, zu enger cooler Zäit an enger WG ass et jiddefalls ni komm. Mä wéi heescht et sou schéin. Et ass ni ze spéit fir eppes gutt ze man.

An lo sinn se dran, an der WG, all zesummen, eng gemëschte Sippschaft, a loossen do hiert Liewen Revue passéieren. Dat wat war an dat wat nach kënnt.

 

Text a Musik: Balli Baldauff, Roll Gelhausen, Francis Kirps, Viv Meintz-Maas, Claudine Muno, Serge Tonnar
Et spillen: Lil Feinen, Rosch Gereke, Marie-Jeanne Jacobs, Lucienne Schleimer, Rom Schleimer, Clod Thommes
Regie: Clod Thommes Assistenz: Mireille Gereke, Christiane Thommes