Ateliers

Du Mercredi 18.09.2013 au Mercredi 25.06.2014

1 Carnet mat 10 Séancen : 180,00 €
Réservation par téléphoneGabrielle Heintz T. +352 81 25 18 gabrielle@vividfloatinggreen.com

HATHA YOGA

Gabrielle Heintz



Duerch gezielt Kierperstellungen (Asana), bewosst Otmen (Pranayama), duerch d’Energiekanäl kënnt een a säin „ënnere stëlle Raum“. De Geescht gëtt roueg. Physesch a mental Entspanung, Konzentratioun, Uechtsamkeet ermeigelechen e meditative Zoustand. Op engem feinstofflechen, ganzheetleche Plang entsteet „d’Bewosstheet fir den Moment“. D’Praxis vum Hatha Yoga ass fir jiddereen, deen dest „bewosst Sinn“ sicht, säin ënnert Gläichgewiicht, an an säin „EensSinn“ mat sech a mat Allem wëll kommen oder bleiwen.

Material Yogasmatt an e Yogacoussin, Kleeder wou de Kierper Plaz huet an sech wuel fillt an de Kierperstellungen, eng Decken oder eppes méi Waarmes fir iwwer ze zéien fir d’“prise de conscience“ am Ufank an di kuerz Sequenz Nidrâ Yoga no der Kierperaaarbecht zum Schluss.


All Mëttwoch vum 18.09.13-25.06.14 | (34 Seancen) 18:15- 19:45 (ausser de Schoulvakanzen)

Präis 180€ / fir 1 Carnet mat 10 Seancen. (Fir de Prozess vun der Yogasaarbecht ze harmoniséieren, leeft de Carnet
no spéidstens 11 kalendaresch noeneen geschalten Seancen of).


Weider Informatiounen/Aschreiwung T. 81 25 18 | gabrielle@vividfloatinggreen.com | www.VividFloatingGreen.com