Archives

Du Vendredi 18.07.2014 | 10:30 au Vendredi 25.07.2014 | 19:30
10% de réduction à partir du 2e enfant: 108,00 €
Waasserflëss - eng naass Rees
Summerakademie zu Miersch an zu Pëtten
Fir Jonker vu 9 - 15 Joer
4 verschidden Atelieren zum Thema Waasser
Dëst Joer organiséiert d’Mierscher Kulturhaus eng naass Rees duerch 4 verschidden Atelieren zum Thema Waasser.
Et gi Solarbooter mam Willy Reiter gebaut, déi um Weier am Mierscher Park kenne getest ginn ; et gi Cartoons am Groussformat mam Marina Herber gezeechent ; et gëtt Musek matt Waasser mam Patrick Morbach gespillt an et gëtt eng spannend Octopussy-Rees duerch d’Waasserwelt matt Experimenter mam Alexandra Arendt vun „natur an ëmwelt - Fondatioun Hëllef fir d'Natur“ ënnerholl !
Et ass 1 Atelier pro Dag virgesin (Méinden bis Donnegden), an all Jonken wandert all Dag an e neien Atelier. Et gëtt also méi ewéi spannend an ofwiesselnd ! Freiden de leschten Dag treffen di Jonk sech, fir alleguerten zesummen d’Ofschlossfest am freien Owend am Park an am Mierscher Kulturhaus ze preparéieren. Encadréiert gëtt all Atelier vun engem erfuerenen Chargé de Cours. Parallel zu den Atelieren gëtt am Mierscher Kulturhaus och d’Titanic Ausstellung vun de Schüler aus dem Centre d'Education différenciée Warken gewisen. Vernissage ass hei Méinden de 7. Juli um 18h30.
Ab Meinden 7. Juli ab 18h30
Eng Iddi. Eng Begeeschterung. Eng Ausstellung. D´Schüler aus dem Ediff Waarken hunn sech während engem Joer am Konschtatelier mam Thema Titanic auserneegesat an dobäi ass eng flott Ausstellung erauskomm.
Vernissage vun der Titanic Ausstellung am Mierscher Kulturhaus de 7. Juli um 18h30. D'Ausstellung as op vum 7. bis den 25. Juli, emmer mettwochs bis freides vun 14h00 - 16h00.
Freiden den 18. Juli vun 10h30 bis 18h00
Accueil an Aschreiwungen am Mierscher Kulturhaus. Uschléissend gëtt e spannenden Ausfluch matt „natur an ëmwelt - Fondatioun Hëllef fir d'Natur" op d'Muschelzuchtstatioun Kalbermillen (Gemeng Clierf) gemaach. Fir e Picknick as gesuergt.
Méindeg 21. Juli bis Donegden 24. Juli vun 14h00 – 18h00
4 verschidden Atelieren zum Thema « Waasser », am Mierscher Kulturhaus an zu Pëtten (an der Pëttener Schoul).
Freiden 25. Juli ab 14h00
Di Jonk stellen eng kleng Ausstellung zesummen a weisen ab 17h30 um Ofschlossfest zu Miersch am Park an am Mierscher Kulturhaus, wat si alles an den Ateliere gemaach hunn. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt !
Octopussy – Rees duerch d’Waasserwelt :
Waasser ass Liewen - ouni Waasser kee Liewen (Alexandra Arendt)
Mir kennen eis alleguer matt Waasser aus. Mir wëssen awer net onbedéngt, wei Waasser entsteet, welech Eegenschaften et huet oder wei d’Liewewiesen sech dem Waasser kennen upassen. Zesumme probéiere mir an Hand vun Experimenter, Filmer an Visiten, Äntwerten op des Froen ze fannen.
D’Alexandra Arendt ass Biologin bei „natur an ëmwelt - Fondatioun Hëllef fir d'Natur“. Si schafft u Projeten, déi d’Qualitéit vun de Gewässer - a vum Liewensraum vun deenen Déieren déi dra wunnen - solle verbesseren. Schonn als Kand war Si begeeschtert vum Waasser. Si bedauert, dass et haut net méi selbstverständlech ass, ouni Bedenken kennen an eise Flëss ze schwammen oder eist Quellewaasser kennen ze drénken.
Realiséiert an Zesummenarbescht matt de Centres d'Education différenciée Esch Alzette a Warken.
Cartoon (Marina Herber)
D’Marina Herber proposéiert e Cartoon Atelier, bei deem dir geléiert gid, eng Cartoon Figur ze entwéckelen. Als Übung zeechent dir iech géigesäiteg an geckegen Positiounen. Zum Schluss gëtt probéiert, matt enger Aquarell-Technik aus Flecken Figuren ze erfannen a witzeg Biller ze erschafen, déi duerno ausgestallt kenne ginn.
No engem BTS am Zeechentrickfilm schafft d'Marina Herber zënter 2007 als fräischaffend Zeechnerin a Molerin ënnert dem Numm " Marinazz". Si entwéckelt schell hiren eegene Stil a Richtung "Pop Art Cartoon" an "The Optimystik Art" (optimistesch a mystesch Konscht) a benotzt d' Kraaft vu negative Erfahrungen, fir des positiv a Message vu Fridden, Onofhängegkeet an Fräiheet duerzestellen.
Eng Musekswell fällt an d'Waasser (Patrick Morbach)
D'Waasser ass op onsem Planéit dat wichtegst Element vum Liewen. Ouni Waasser gëtt et kee Liewen a keng Planzen. Ouni Waasser wäre mir net do. Dass mir ouni Musek liewe kéinten, wier nawell méiglech. Mais Musek ass awer och esou wéi d'Waasser all Dag op onsem Programm. Et gëtt keen Dag ouni Musek (a Waasser). An dësem Atelier beschäftegen mir ons matt deenen 2 Begrëffer. Mir musizéieren, jammen a spillen matt Waasser a Musek. Mir loossen di 2 Begrëffer aneneen fléissen, ewéi de Surfer op enger Well. Mir spillen op enger Djembe, op Boomwhackers, op Waasserinstrumenter a nach villen aneren Instrumenter. Mir experimentéieren matt engem Dee-Jay Pult, engem I-Pad an natierlech matt onser eegener Stemm.
De Patrick Morbach aka Brave ass e Vollbluttmuseker mat iwwert 20 Joer Erfahrung am Beräich vun der Musek an der Pädagogik. Niewent de verschidden Instrumenter ewéi Djembé a Cajõn ass hien och Sänger, Didgeridoo-Spiller, Gittarist an "tourt" als Dee-Jay duech d’Land. Hien huet 2012 eng privat alternativ Musekschoul opgemaach: Brave's alternative music-school (www.bamss.eu).
Solarbooter bauen (Enseignanten a Schüler aus dem Lycée Technique Ettelbréck an dem Lycée Michel Rodange)
Mir bauen Booter, déi matt engem Elektromotor iwwer Solarzellen mat Stroum versuergt ginn. Des Booter ginn aus Styrodur gebaut. Uschléissend ginn d’Solarzellen verléit an verdrot, dann kann d’Boot getest ginn. Des Booter sinn esou ausgeluecht, dass se och dem Reglement vum SunCup (Solarboot-Regatta fir Modellbooter) entspriechen.
Dësen Atelier gëtt ugebueden vun Schüler an Enseignanten aus dem Lycée Technique Ettelbréck an dem Lycée Michel Rodange. Méi Informatiounen zu de Lycéen hire Projeten fannt dir ënner solar.ltett.lu.
Umeldungen a weider Informatiounen
www.summerakademie.lu
CEPA. Cercle Européen pour la propagation des Arts.
oder
Mierscher Kulturhaus 53, rue G.D. Charlotte L-7520 Miersch
T : 26 32 43 1 Mail : info@kulturhaus.lu www.kulturhaus.lu
Partner CEPA. Cercle Européen pour la propagation des Arts.

Partner vum Mierscher Kulturhaus Gemeng Miersch, Lycée Technique Ettelbréck, Lycée Michel Rodange, Duerfsiichter Pëtten, Fondation Thierry Van Werveke, Feierblumm Productions a.s.b.l., Centre national de littérature.
De ganze Programm vun der Summerakademie 2014 fannt dir hei.
eXtra erausgepickt fir eise Gebuertsdag. Op kee Fall verpassen!

Den offiziellen FIlm vun der Summerakademie 2013 zu Petten am Schlass
Een Film vun Feierblumm Productions a.s.b.l. Kamera Laurent Maas, Eric De Oliveira Interview Carla Invernizzi Schnett Laurent Maa, Carla Invernizzi, Eric De Oliveira