Archives

Du Vendredi 17.07.2015 au Vendredi 24.07.2015

Spectacle enLU / DE

SUMMERAKADEMIE 2015

Feierstëppler

Zu Pëtten

 


Mat Feier loosse sech Saache maachen, déi ouni seng grouss Hëtzt guer net méiglech wären, wéi beim Schmatt wann deen säin Eise verschafft. Vum Holzfeier bleiwen zu gudder Läscht d’Äsche Rescht oder et entsteet déi
schéinste Skulptur. Net ze schwätze vun de Konschtstécker déi mat Hëllef vum Feier entstoe kënnen: kuckt nëmmen engem Feierspäizer no oder engem Jongleur. Beim Lagerfeier setzen, Spiichten erzielen, de Flamen nokucken wann déi ze danzen ufänken, dem Holz nolauschteren wat knistert a seng Luucht duerch den däischteren Himmel jot, sech wiermen a senge schéinsten Dreem nogoen.
An Draachen... späizen dach Feier, oder net?

Freideg den 17. Juli
vun 14:00 bis 17:00:  Aschreiwung am Kulturhaus an Visite vum Mierscher Pompjeeësbau

Méindeg 20. Juli bis Donneschdeg 23. Juli
vun 14:00 – 17:00:  Atelier‘en zu Pëtten.

Freideg 24. Juli: 16:00 - 20:00 Atelier‘en zu Pëtten

 

 

Freideg 24.07. ab 20:00:   


Grousst Ofschlossfest mat feieregen Iwerraschungen zu Pëtten am Schlass.Dir sidd all elo schon häerzlech invitéiert!     
 

                                                  



SCHMATT: Jean Bichel

Mat der Schmatten Equipe (Jang Bichel & Co) ginn zesummen aus Klomp Eise Skulpture gehummert a gebéit .
Féier ass eent vun de wichtegste „Elementer“ fir eis ze wiermen, ze kachen an ze schaffen. Bei de Stater Schmatte léiere mir mat Hëllef vum Feier aus engem Stéck Eisen eng kleng oder grouss Figur ze hummeren. Wei mir den Hummer, den Amboss, d’Zaang an och nach d’Waasser kennen notze gi mer och gewuer. Vir d‘éischt mécht jiddwereen seng kleng Figur, dono schaffe mir zesummen un dem groussen Draach den säi groussen Optrëtt Freides huet. Bis dohi gëtt gehummert, an d’Féier geluecht, ofgekillt am Waasser, a weider gehummert bis dat Konschtwierk esou ausgesäit wéi mir eis dat virgestallt hunn. A wa mir dann och nach virwëtzeg sinn iwwert de Beruff Schmatt méi ze wëssen, da sidd derbäi! Froe soll dir stellen an d’Äntwerte krit dir vun de Schmatten.

D’Stater Schmatte sinn en flotte Grupp vu lauter Kollegen di aus allen Beruffer an aus allen Ecke vum Land a souguer dem noen Ausland kommen.  An lëschteger, geselleger Ronn ginn si dem schmide vum Eisen no. Ënnert der Leedung  vun engem erfuerene Meeschter gëtt a Couren dëst alt Handwierk gewisen a geléiert. Et gëtt no alen an och neien Technike geschafft, fir dass dat alt Handwierk net a Vergiessenheet geréit.


FEIERSPÄITZER: Marco Telmo Quinto

Kat in de Zak Producties Theater Circus Variété - NL

D‘ Spill mam Feier baséiert op verschidden Traditiounen, volkstümlechen an europäeschen Fester ewéi „Las Fallas“ a Spuenien, d‘Freedefeier oder d‘Lagerfeier. An dësem Atelier léiere mir eis Fangerfäerdegkeet a Schnellegkeet ënner Beweis ze stellen:  beim jongléieren oder beim Feierschreiwen am Sand. Déi méi Jonk léieren mat Feier op de Buedem an op d‘Maueren ze „zeechnen“, déi méi Grouss kennen léieren wéi e Feier späizt.
Grouss a kleng Skulpturen gi mat de Schmatten zesummen erschafft, dono agewéckelt, a liichten „feierlech“ beim Ofschlossfest. Déi Jonk entdecken den chemeschen an physeschen Prozess vun enger Flam, bereeden zesummen verschidden Brennsubstanzen vir an testen d‘Temperaturen déi eng Flam kann hunn.
Den Ëmgang mam Feier gëtt an aller Sécherheet geléiert an an en kreativen, artisteschen Akt verwandelt.

De Marco Quinto huet mat 14 Joer decidéiert duerch Europa ze reese fir Stroossekënschtler ze ginn. Elo, 20 Joer méi spéit, huet hien international Erfahrung gesammelt an der Ëmsetzung  vun de verschiddene Forme vu Stroossentheater: vun der Commedia dell‘ Arte zu Pantomime a Slapstick bis zu de verschiddensten Zirkustechniken. Seng Opféierunge schwanken tëschent Schmunzelen an iwwerraschtem, haarde Laachen. De Marco Telmo Quinto weist d‘Poesie vun alldeegleche Situatiounen an Objet‘en déi d‘Wierklechkeet op subtil Aart a Weis verzerren.

 

 

 

Umeldungen a weider Informatiounen

www.summerakademie.lu oder

Mierscher Kulturhaus | 53, rue G.D. Charlotte | L-7520 Miersch

 T 26 32 43 1 |  info@kulturhaus.lu | www.kulturhaus.lu

Aschreiwungspräis 125€ | Alter ab 9  bis 17 Joer
 

Partner vum Mierscher Kulturhaus Gemeng Miersch, Duerfsiichter Pëtten, Mierscher Pompjeeën, Feierblumm Productions, CEPA - Cercle Européen de la Propagation des Arts.


Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun Assurances LE FOYER, Agence Braun an SALES-LENTZ.

 

 

 

Hei den link zum gesamten Programm: Broschür Summerkademie 2015