Archives

Mercredi 15.06.2016 | 10:00
Jeudi 16.06.2016 | 10:00
Vendredi 17.06.2016 | 10:00
Pssst!
Kanner luussen hannert de Rideau
A la découverte des secrets des coulisses
Faarweg Luuchten déi schéngen, niwwelegen Damp dee bléist, Musek an Téin, déi vun alle Säiten erkléngen… Dir wëllt wëssen, wat alles hannert enger Bu?hn lass ass? Wéi den Theater iech zum Staune bréngt? Firwat déi dausend Knäppercher an der Regie gutt sinn? Da kommt a werft e Bléck hannert d’Kulissen an entdeckt d’Geheimnisser vum Theater !
Mir proposéieren eng interaktiv a spannend Visite duerch eisen Theater an op all déi Plazen, déi ee normalerweis als Zuschauer net duerf gesinn. D’Kanner gi vun eisen Techniker encadréiert an duerfe selwer probéieren an experimentéieren. Eng Entdeckung fir Grouss a Kleng. Loosst iech iwwerraschen !
Op Réservatioun um: info@kulturhaus.lu oder T. 26 32 43 1
Zilgrupp Schoulen, Maisons Relais, privat Gruppen (ab 7 Kanner).
Ab 9 bis maximal 15 Kanner pro Grupp.