Archives

Mardi 19.01.2016 | 19:30 | Tickets

Adultes: 19,00 €
Réduit: 9,00 €
Spectacle enLëtzebuergesch
PlacesFree seating
Réservation par téléphoneT. (+352) 47 08 95 1 luxembourgticket.lu

Zikelalarm II

Kabarettistesch Liesung

Roland Meyer


No dem Zickelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat groussem Erfolleg uechtert d'Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a ... Schoulmeeschter elo no: den Zickelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi

wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen. Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass, wann een trotzdeem laacht!

 

Niewebäi matgedeelt: datt net ze vill gezickt gëtt an den Honger net ze grouss ass, ass et méiglech op der Plaz e klenge Maufel ze iessen an ze drénken (ass net am Entrée's Präis mat a begraff).

 

Text Roland Meyer An Zesummenarbecht mam Centre National de Littérature, Lieshaus Miersch