Archives

Vernissage
Jeudi 29.10.2015 | 18:30
Ausstellung
Du Mardi 03.11.2015 | 14:00 au Jeudi 07.01.2016 | 16:00
Finissage
Dimanche 10.01.2016 | 15:00
De Krounebierg, am Häerz vum Land
Geschichtsfrënn Miersch
Un lieu de mémoire « De Krounebierg »
„Am Herz vum Land
Huet d’Herz vum Vollek dech erricht.“ Nik Welter
„Monument national de l’indépendance“, huet den Architekt H. Luja d’Monument genannt.
1939 ass, mat enger grousser Euphorie, d’Onofhängegkeet vun eisem Land gefeiert ginn. Lëtzebuerger woussten, datt des Onofhängegkeeta Gefor wier. Op Sangert hunn se é Monument erricht; eng Kolonn vun 14, 50 Meter mat enger Kroun als Spëtzt (Krounebierg). Ir et zu Aweiung koum, hunn déi däitsch Truppen den 10. Mäi 1940 Lëtzebuerg besat. Well dat Monument un eis Onofhängegkeet erënnert huet, ass et vun der däitscher Besatzung am November 1940 ofgerappt ginn. 1957-1959 ass d’Monument no engem neien Plang nees opgeriicht ginn. Den Obelisk sollt un eis Onofhängegkeet erënneren, awer och un’t Leed vum 2. Weltkrich mat sengen villen Opfer an un d'Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek.
Eis Ausstellung erënnert un de „lieu de mémoire“ deen den Krounebierg duerstellt an un Mierscher Resistenzler déi gehollef hunn 2 amerikanesch Piloten duerch Lëtzebuerg ze schleisen an dëst mat hirem Doud bezuelt hunn.
Op vun Dë - Do | 14:00 - 16:00 | an op Rendezvous
Während de Schoulvakanzen ass d’Ausstellung zou.
Ouverture sonndes 08.11., 22.11., 06.12., 13.12., 20.12., 27.12.15, 03.01.16. | 15:00 - 17:00