Archives

Summerakademie
Du Samedi 16.07.2016 au Vendredi 22.07.2016 | 17:00
Ofschlossfest
Vendredi 22.07.2016 | 19:00
Summerakademie 2016
Aus der Loft gegraff
Eng vun den eelste Kraaftmaschinne bauen - d’Wandmillen - oder Loftschlässer, a mam Loftballon fléien an am Gepäck seng Dreem. Ob engem Floss iwwert Waasser segelen a fillen wéi de Wand eis em d’Ouere bléist. Dem Wand nolauschteren wat deen eis ze zielen huet a no engem waarme Summerdag d’Loft am Gesicht ze spiren an de Reendrëpse nozekucken wann déi an der Loft danzen.
2016 ass e gutt Joer fir eng lëfteg Rees duerch 4 Ateliere vun der Summerakademie zu Miersch an zu Pëtten ze maachen. Wandmille baue mam Daniel Lloyd, op Antenne goe mam radio 100.7, Ballon fueren a baue mat der Equipe vum Hot Air Ballooning RC Team Lëtzebuerg a jongléiere mat Rieseseefeblose mam Marco an Dorien Quintino vum Zirkus Kat in de Zak. All dëst steet bei dëser Editioun um Programm. Bewäertes a Neies selwer maachen, erliewen, kucken, héieren, ausprobéieren an experimentéieren. Mir schaffe mat a ronderëm d’Loft, an d’Loft huet keng Lächer!
ATELIER'EN:
RIESE SEEFEBLOSEN
Marco an Dorien Quintino
Wat faszinéiert Grouss a Kleng u Seefeblosen? Hier präzis an harmonesch Kugelform, hiert zaart Wiesen aus enger mikroskopesch dënner Seefeschicht, déi wonnerschéi Faarwen déi schimmeren a spigelen? Seefeblose beandrocken duerch verschidde Gréissten a Formen - vu butzeg klenge Bullen zu riesege Sphären. Op alle Fall bleiwe Seefeblose gefëllt mat Erënnerungen, vermëscht mat engem gewëssen Zauber.
HOT AIR BALLOONING
RC Team Lëtzebuerg
Ween huet net schonn dovu gedreemt eemol e Wonsch héich erauszeschécken oder, wéi an enger Geschicht vum Jules Verne, senger Fantasie keng Grenzen ze setzen? A ween kuckt net och scho voller Staunen an den Himmel wann déi grouss Ballone wéi Wolleke laanschtzéien. Huelt är Loftdreem selwer an d’Hand, a baut ären eegenen Heißluft-Ballon.
WANDMILLEN
Daniel Lloyd
Nëmme waarm Loft? D‘Kraaft vum Wand kennen, an notze léieren. Op kreativ Aart-a-Weis, de Prinzip vun der Wandmille verstoen a selwer nei Weeër fanne vum Wand ze profitéieren. All dëst unhand vu selwer gebauten an dekoréierte Wandmillen. Och hei ass Teamaarbecht ugesot, an dir wärt staune wéi vill Power dohannert stécht.
OP ANTENNE
radio 100,7
Radio- a Schallwelle bewege sech duerch d’Loft, awer wéi fonctionnéiert de Wee tëscht Sender an Empfänger? D’Erausfuerderung déi hei op iech waart? Ee Reportage ophuelen: wéi féiert een en Interview, a wat ass d‘Aarbecht vun engem Journalist? Wéi gëtt eng Sendung opgeholl an ausgestraalt? Dir gestalt ären éischte Radioreportage zesumme mat de Profi‘e vum radio 100,7.
OFLAAF:
Samschdeg 16. Juli vun 10:30 bis 17:00 Auer
Treffpunkt am Kulturhaus an duerno fuere mir zesummen an den Naturschutzzentrum Biodiversum op Remerschen. (Retour 17.00 Auer)
Méindeg 18. bis Freideg 22. Juli
All d’Ateliere ginn vun 14:00 bis 17:00 Auer zu Pëtten ofgehal. RDV all Dag ëm 13:45 beim Kulturhaus zu Miersch. Mir fueren zesumme mam Bus op Pëtten.
Freideg 22. Juli ab 19:00 Auer
GROUSST OFSCHLOSSFEST mat lëftegen Iwerraschungen zu Pëtten am Schlass. Kommt d'Konschtwierker bewonneren déi di Jonk gebaut hunn!
Samschdeg 23. Juli Night Glow am Park zu Miersch vun der Luxembourg Balloon Trophy. Feier‘echen Optakt mat eise Kënschtler aus der Summerakademie an eenzel Extrait‘en aus der Show vu Freides vum Ofschlossfest.
Partner Gemeng Miersch, Duerfsieschter Pëtten, CEPA – Cercle Européen pour la Propagation des Arts, Féierblumm Productions, radio 100,7 Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun Assurances Le Foyer – Agence Braun a Sales Lentz
Präis 145€ (10% Reduktioun ab dem 2te Kand)
Alter 9-15 Joer.
Umeldungen a weider Informatiounen
www.cepa.lu oder
beim Mierscher Kulturhaus M. info@kulturhaus.lu T. 26 32 43 1
Hei e puer Biller aus der 2016 Editioun:






Brochure vun der 36. Summerakademie : Brochure_CEPA_2016_0.8_web.pdf