Archives

Mardi 21.03.2017 | 20:00 | Tickets
Reduzéiert: 12,00 €
En Tiger am Rousegäertchen
Eng Farce iwwert dem Mittal seng Iwwernahm vun der Arcelor
Textfaassung: Marc Limpach Regie: Frank Feitler zesumme mam Ensemble
Freides moies, de 27. Januar 2006, iwwerrascht de Milliardär Lakshmi Mittal de Grand-Duché mat senger OPA (offre publique d’achat) fir de Stolproduzent Arcelor, dee grad eréischt déi kanadesch Dofasco geschléckt huet. D’Land steet ënner Schock. D’Regierung kënnt op dësem Dag zesummen, awer de Premier ass op Staatsvisite am Mali. De Lëtzebuerger Staat ass mat 5,6 Prozent gréissten Eenzelaktionär vun Arcelor, mä d’Majoritéit vun den Arceloraktien sinn am Streebesëtz op de Finanzmäert: den Ausgang vum Mittal senger OPA ass komplett oppen.
D’Arcelor versicht vun Ufank un d’Offer aggressiv ofzewieren an de Codenumm vun deeër Ofwierstrategie ass „Project Tiger“. Et kënnt dobäi och zu munchen verbalen Ausrutscher vu „Parfum“ contra „Eau de Cologne“ bis zu „monnaie de singe“ iwwer d’Stolprodukter an d’Aktien vu Mittal Steel.
D’Stéck En Tiger am Rousegäertchen ass entstan aus enger Zesummenaarbecht tëscht dem Marc Limpach an dem Frank Feitler. D’Inszenéierung, mat néng bekannte Lëtzebuerger Schauspiller erschafft, beschreift d’Schluecht tëscht Mittal an Arcelor aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, als Gesellschaftsfarce iwwer de Konflikt tëscht nationalen Identitéiten an Intressen an der Globaliséierung, tëscht Finanzplaz an Industriegesellschaft, tëscht neoliberale Finanzmäert an dem europäesche Sozialmodell.
Textfaassung Marc Limpach mam Ensemble Regie Frank Feitler mam Ensemble Mam Luc Feit, Fernand Fox, Steve Karier, Désirée Nosbusch, Josiane Peiffer, Christiane Rausch, Annette Schlechter, Serge Tonon, Anouk Wagener Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg Koproduktioun Kasemattentheater, Théâtre d’Esch, Trifolion Echternach
Fotoen © Bohumil Kostohryz






D'öffentlech Virstellung ass och op fir Schoulen.
Reservatioun: T. (+352) 26 32 43 1 M. scolaires@kulturhaus.lu