Archives

Du Samedi 15.07.2017 au Vendredi 21.07.2017

Age9 - 15

Summerakademie 2017

Aus Näischt EPPES man

oder Wéi wäscht een en Elefant?


2017 ass d’Joer vun den Erausfuerderungen: an dëser Editioun vun der Summerakademie entsteet aus näischt eppes ganz Grousses.?Jonker tëschent 9 a 15 Joer, déi Loscht hu sech op déi Erausfuerderung anzeloosse, kënnen a 4 verschiddenen Atelier’en hir Talenter ënner Beweis stellen: De Marco an d’Dorien Quintino loossen iech déi lëschtegst oder déi grujelegst Geschichte verzielen, an dat ouni dobäi ee Wuert ze verléieren.

Museksinstrumenter ginn aus bal näischt gebaut, a wa mer drop spillen déi rockegst Nouten iwwer d’Schlass zéien. Al Kleeder, schwaarz a wäiss ... Dir wäert staune, wéi aus Fatzen neies entstoe kann: all Kostüm schwätzt seng eege Sprooch. Den Daniel Lloyd léist mat e Faarf a Brieder a Béchsen an e puer cleveren Tricken eng Welt entstoen, déi eis Fantasie iwwertrefft. All dat wat op onerkläerlech Aart a Weis entstanen ass, dréit herno zu engem gemeinsame Spektakel bäi. A Jidderee kann sech iwwerzeegen, dass „Aus näischt eppes man... oder wéi wäscht een en Elefant?“ un sech “einfach” méiglech ass.

 

Jiddereen dee matmécht, sicht sech säin Atelier fir déi ganz Woch eraus. 

D’Ateliere ginn nieft den Artiste vun der Equipe vum Mierscher Kulturhaus encadréiert.

 

Samschdes de 15.07. fuere mir als Optakt wéi all Joer op een Ausfluch.

Wou et higeet, verrode mir nach net, awer haalt iech deen Dag elo scho fräi!

 

Vum Méindeg 17.07. – Donneschdeg 20.07. gëtt zu Pëtten am Schlass, all Dag vu 14:00 – 17:00 getüftelt, geneelt, gebitzt, geschnidden, gezeechent, gemoolt, gelaacht a gestaunt. RDV all Dag ëm 13:45 beim Kulturhaus zu Miersch. Mir fueren zesumme mam Bus op Pëtten. Freideg den 21.07. treffe mir eis eréischt um 16:00 fir eist grousst Ofschlossfest ab 19:00 virzebereeden.

 

Freideg den 21. Juli ab 19:00 GROUSST OFSCHLOSSFEST! 

En Owend voller Iwerraschungen an engem impressionanten Bühnebild. Fir Iessen & Gedrénks ass och gesuergt.

 

 

PANTOMIME 

Marco an Dorien Quintino 

Ouni Wuert ze schwätzen, eppes erzielen an duerzestellen, ass méiglech. All Dag gebrauche mer déi Form eis matzedeelen.

PANTOMIME, eng vu villen Bühneformen tëschent Clown, Gummimensch a Break-danz. D’Konscht vun der Kierperhaltung, sech krëmme vu laachen, richt wéi eng Bounestaang ugewuertzelt stoe bleiwen, erstaunt iwwert esou en decke Cadeau , mat groussen Aen an déi nächst Woch kucken.  Fir engem Publikum eng ganz Geschicht ze erzielen, muss geübt ginn.

 

 

GRAFFITI RECYCLING 

Daniel Lloyd 

Aus näischt eppes maachen oder aus dem eppes maachen wou déi meescht Léit näischt méi dra gesinn. Fantasie ukuerbelen, d‘Iddien zesumme leeën e puer Skizzen zeechnen an dann entsteet mat Faarf a Këschten a Brieder a Béchsen a Stoff an Neel an deenen richtegen Techniken dat impressionnantst Bühnebild, e  fantastescht Konschtwierk.  All Spektakel brauch seng Bühn, an déi baue mir.

 

MUSEKSINSTRUMENTER 

Coopérations Art 

Mir héieren all Dag Musek, an awer huet net jiddereen en

Instrument doheem. Eng Erausfuerderung méi, a ganz einfach: Mir bauen eis eegen Instrumenter mat deenen onméiglechsten Saachen. An esou huet all Museker an eisem néien Orchester säin eegent Instrument – bleift nach just ze prouwen fir eis Virstellung.

 

KOSTÜMER A MASK 

Christian Sinner 

Aus ale Kleeder ginn déi verrécktste Kostümer gemaach . Eng Konscht fir sech. Fir d’éischt gëtt zerschnidden, dono néi zesummegesat, gespéngelt, gebitzt, gemoolt, gepecht ... A Schwaarz a Wäiss liichten an de schéinste Faarwen néi op . Op der Bühn wéi hannert der Bühn, all Personnage brauch säi Kostüm an ass wichteg an engem Spektakel, op grouss oder kleng Roll. An de Maquillage net vergiessen!

 

Umeldungen a weider Informatioune

Mierscher Kulturhaus | 53, rue G.D. Charlotte | L-7520 Miersch

Tel 26 32 43 1 | Mail admin@kulturhaus.lu | www.kulturhaus.lu

Alter 9 - 15 Joer Präis 145 € (10% Reduktioun ab dem 2te Kand)

 

Partner Gemeng Miersch, Duerfsiechter Pëtten, CEPA, COOPERATIONS ART Wiltz
Mat frëndlecher Ënnerstëtzung vun Assurances Le Foyer - Agence Braun, Chocolate House, Cactus a Sales Lentz