Archives

Dimanche 03.12.2017 | 17:00 | Tickets

Ticket: 27,00 €
Reduziert: 15,00 €
PlacesFree seating
Réservation par téléphone(+352) 47 08 95 1

Fräiheetslidder

Eng musikalesch-politesch Rees duerch d’lëtzebuerger Geschicht


 

SOIREE EN DEUX PARTIES: 1ère partie: Ex(s)ilium, 2ème partie: Fräiheetslidder

 

Besser wéi vill aner historesch Quellen kënne politesch an engagéiert Lidder d’Gefiller vun einfache Mënschen aus dem Vollek hannert den historeschen Evenementer konservéieren an ëmmer erëm frësch ausdrécken: hir Freed, hir Ängscht, hire Stolz, hiren Humor, hir Roserei an hir Trauer. Historesch Lidder erzielen dobäi net just déi offiziell Geschicht vu Lëtzebuerg, mä si erlaben och eng aner Siicht op déi Geschicht: en Abléck an d’Häerzer, d’Gedanken an d’Gewësse vun den einfache Mënschen. Lidder vun der Strooss an aus Zeitungen a politesche Revuen. Si erzielen sozial a politesch Konflikter an domat, op eng lieweg Manéier, Lëtzebuerger Geschicht vun ënnen.


Déi meescht politesch Lidder si Spottlidder, Kampflidder, a Lidder iwwer a vu Fräiheet an Demokratie. An dësem Programm héiere mer Lidder géint Ënnerdréckung, fir Onofhängegkeet, fräi Meenungsäusserung, Gedankefräiheet, Gläichheet virum Gesetz a sozial Gerechtegkeet.


Déi Lidder gi vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen agebett.

 

Mam Eugénie Anselin, Jean Bermes, Nataša Grujovic, Elisabet Johannesdottir a Georges Urwald Konzept an Textauswiel Marc Limpach Musekauswiel
Marc Limpach a Georges Urwald Eng Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Zentrum fir politesch Bildung

 

BOCK OP KULTUR 16+

Dës Virstellung ass och op fir Schoulen. Reservatioun: T. (+352) 26 32 43 1 M. scolaires@kulturhaus.lu

 

 

No dësem Concert bekäschtegt de Restaurant a Guddesch Iech mat senger klenger Kaart bis 23:00.