Archives

Mardi 14.11.2017 | 20:00 | Tickets
Mercredi 15.11.2017 | 20:00 | Tickets
Jeudi 16.11.2017 | 20:00 | Tickets
Vendredi 17.11.2017 | 20:00 | Tickets
Samedi 18.11.2017 | 20:00 | Tickets
Dimanche 19.11.2017 | 17:00 | Tickets
Mardi 21.11.2017 | 20:00 | Tickets
Mercredi 22.11.2017 | 20:00 | Tickets
Jeudi 23.11.2017 | 20:00 | Tickets
Vendredi 24.11.2017 | 20:00 | Tickets
Reduzeiert: 10,00 €
Stau!
Kabaret Sténkdéier
Mir sinn et mëttlerweil gewinnt: kilometerlaang Schlaangen, Stoussstaang géint Stoussstaang, Auto widdert Auto, Camion widdert Camion, an dat all Mueren, all Owend, all Dag, all Woch, all Mount, Joer fir Joer...
Stau! Rien ne va plus! Stëllstand! – An dat an engem Land, dat sech Innovatioun op de Fändel geschriwwen huet.
Wat geet do Zäit drop! Liewenszäit! Do staut sech vill Roserei an Onzefriddenheet op eise verstoppte Stroossen.
An an der Politik stauen sech d'Dossieren. Well wann eis Damen an Hären vum Krautmaart an de Wahlkampf zéien, da bleift esou munches leien an an der Chamber gëtt net méi vill geschafft. Elo brécht nees d'Zäit vun den Dëppefester a Generalversammlungen un, vun den eidele Verspriechen, de vollen Drëppeglieser an den einfache Léisungen. Et gëtt sech ënner d'Vollek gemëscht, Populismus hin oder hier.
Mir rëselen de Kapp... a stinn och weider bei guddem Wieder am Stau fir op de Stau, a bei schlechtem Wieder am Stau virun de Radaren an dem Schantje vum Tram.
14. - 24.11.17 Free seating mat Kabaret Bestuhlung
Et spillen Conny Braquet, Irène Zeimes, Nico Dabé, Gilles Wunsch Texter Alain Adams, Roland Meyer Regie a Musek Roland Meyer
No dësem Owend bekäschtegt de Restaurant a Guddesch Iech mat senger klenger Kaart bis 23:00.