Archives

Jeudi 29.03.2018 | 15:00 | Tickets
Schulvorstellung
Jeudi 29.03.2018 | 09:30
Vendredi 30.03.2018 | 09:30
Vendredi 30.03.2018 | 14:30
Reduzéiert: 7,50 €
De Wëllefchen an de Fiischen
Edmond de la Fontaine. An enger Adaptatioun vun Toile-Si-Re
Theater mat Poppen
„Fiischen, Fiischen, ech hu näischt z’iessen,
Fiischen, Fiischen, ech muss dech friessen …"
„De Wëllefchen an de Fiisschen“ vum Dicks ass ee vun den eelsten a beléiftste Klassiker aus der lëtzebuerger Kannerliteratur. Nostalgie pur! Ee flotten Text, deen op vill Aart a Weisen immens inspiréiernt ass. Dobäi kennt de Charme vum ale Lëtzebuergeschen, de Gebrauch vu Wieder déi haut bal ganz oder scho komplett an de Vergiess gerode sinn. Dem Dicks säin Originaltext gëtt dofir integral iwwerholl.
An enger kaler Wanternuecht begéinen sech den auserhéngerte Wollef an de Fuuss am Bësch: „Fiisschen, Fiisschen, ech hu näischt z’iessen; Fiisschen, Fiisschen, ech muss dech friessen!“ De schlaue Fuuss kritt de Wollef iwwerzeegt, dass e net vill vu sengen ale Schanken hätt, an et besser wier, e géif mat him kommen, dann hätt e gläich keen Honger méi. De Wollef léisst sech dorobber an … an d’Schicksal hëlt säi Laf …
Et gëtt vill ze laachen … dem Dicks säi Schalk spiert een op Schratt an op Tratt!
Handpoppen, Häkelaarbechten, Bühnendeko, Logo, de Fiischen Annick Sinner Musik (Kompositioun a Spill), de Wëllefchen Nadine Kauffmann Mise en scène a Beliichtung Martine Conzemius Kostümer Toile Si-Re Produktioun mise en scène à.s.b.l.
Alter 8-99 Joer (Cycle 3.1. - 4.2.) Sprooch Lëtzebuergesch Dauer 50 Min.
Reservatioun Schoulvirstellungen
T. (+352) 26 32 43 1 Mail: scolaires@kulturhaus.lu Download Aschreiwungsformular
Reservéiert Ären ABO hei.