Archives

Samedi 07.10.2017 | 20:00 | Tickets

Ticket: 20,00 €
Reduzeiert: 12,00 €
PlacesNummerierte Plätze
Réservation par téléphone(+352) 47 08 95 1

Cojellico’s Jangen

Gejangsquintett


D’Jange ware frou mam Amélie a mam Wirsch. Si hunn hire leschte Programm D’Dammenalphabet am Tounstudio op CD a Vinyl agesongen. Nieft all deene sympatheschen, gelungenen, schéinen a manner gelongenen Dammen hunn d’Jangen och en Häerz fir dat männlecht Geschlecht. Am neie Programm geet et ënnert anerem ëm Männersuergen am Alldag. Et geet ëm de Litty. Et geet ëm de Moltonaso. Et geet ëm eng vergaange, schéin Zäit. Et geet ëm Erënnerungen.

 

Et sangen a spillen:
1. Tenouer – Raymond Majerus
2. Tenouer – Arend Herold
3. Tenouer – Georges Urwald
1. Bass – Carlo Migy
2. Bass – Jean-Marie Kieffer
Piano Christophe Nanquette
Gaascht-Jang Yvon Streff
www.jangen.lu

 

No dësem Concert bekäschtegt de Restaurant a Guddesch Iech mat senger klenger Kaart bis 23:00.