Archives
Serge Tonnar & Legotrip
Unplugged
Special Guest: Tohid Tohidi
One day maybe we will be a thousand hand in hand
If you want to understand, be still and stand
Fir de Weltdag vun de Mënscherechter invitéiert d‘Mënscherechtskommissioun op e Concert mam Serge Tonnar & Legotrip. Um neien Album „Bommeleeër Buddha“ geet et ëm d‘Roll vum Mënsch a vum Kënschtler, tëscht dem Bommeleeër, also dem aktiv an der Gesellschaft implizéierten an engagéierte Bierger, an dem Buddha, oder dem Philosoph deen, aus enger spiritueller Distanz, e liicht ironesche Bléck op déi selwecht Gesellschaft gehäit. An déi zwee sinn, méi wéi ëmmer, néideg fir als „Mënsch deen dësen Numm och verdéngt“ duerch d‘Liewen ze trëppelen, och wann et an VerLoscht heescht: „Mir ginn net duerch d‘Liewen, d‘Liewe geet duerch ons“. De Bommeleeër ass hei natierlech net den Terrorist, mee de Kënschtler, dee mat faarwege Bommen aus Wierder an Noute säi Bäitrag fir déi bescht méiglech Gesellschaft leescht. An am Buddha ass d‘Distanz déi e brauch, fir iwwert säi klengen Ego, säi Lego a säin Trip eraus ze wuessen, an eens mat der Welt ze ginn an ze sinn.
Als spezielle Gaascht ass den iranesche Sänger Tohid Tohidi mat op der Bühn, deen als Flüchtling op Lëtzebuerg koum an 2015 mam Serge d‘Lidd „standing man“ geschriwwen huet, e staarkt Stéck iwwert de friddleche Protest géintiwwer der Muecht.
LEGOTRIP
Rom Christnach: Bass, Gesang
Eric Falchero: Tasten, Gesang
Misch Feinen: Schlogezei, Perkussioun, Gesang
Serge Tonnar: Gittaren, Gesang
Entrée gratuite.
Ce concert est organisé par la Commission consultative des Droits de l’Homme à l’occasion de la Journée internationale des droits de l’Homme.
Par ce concert, la Commission consultative des Droits de l'Homme, organisme de promotion et de protection des droits de l'Homme, souhaite exprimer cette année-ci son attachement et sa conviction au fait que la création artistique est, sous toutes ses formes, expression de la dignité humaine. Il existe un lien inusable et consistant entre culture et droits de l'Homme. La culture est recherche d'épanouissement, elle est aussi défense de valeurs et prévention de violations. Elle agit comme vecteur de sensibilisation et constructeur de sens et de paix.
Introduction par Gilbert Pregno, Président de la Commission consultative des Droits de l'Homme
Mot de bienvenue par Michel Malherbe, Bourgmestre de la Ville de Mersch
Le verre de l'amitié sera offert par la Commune de Mersch à l'issue du concert.

