Musique

Vendredi 29.04.2011 | 19:30
Enfants / Etudiants: 8,00 €
Taka Tuka
Elisabeth – Institut St.Joseph Betzdorf
CONCERT ANNULE
1998 ass den Orchester Taka Tuka an d’Liewe geruff ginn. Den Ensemble, dee virun 10 Joer als interne Projet am Institut St. Joseph zu Betzder ugefaang huet, weess an der Zwëschenzäit säi Publikum zu Lëtzebuerg an am Ausland mat Freed an Energie ze begeeschteren.
Wat dësen Orchester ënner anerem auszeechent, ass d’Zesummespill vu Museker mat engem geeschtegen Handicap an établéierten Artisten aus verschiddene Museksrichtungen. D’Klangwelt vum Orchester TAKA TUKA besteet zu engem groussen Deel aus rhythmeschen Elementer, déi sech mat Aflëss aus Jazz a World Music verbannen, an der Improvisatioun vill Raum loossen. Verdreemte Melodien, kräfteg Rhythmen a roueg Momenter versetzen een an nei Welten an Atmosphären. Mat Musek, dei aus dem Moment eraus entsteet, a visuellen Elementer, déi dës Kläng ënnermolen , schaaft den Orchester eng ganz besonnesch Atmosphär a mécht all Optrëtt zu engem eemolegen Erliefnes.
Perkussioun Martine Wallenborn, John Schlammes, Mathilde Bischel, Mireille Charlier, Sylvie Flammang, François Bouché, Jeannette Georg Djembé Max Schintgen, Lucca Buzzi Saxophon Klarinette EWI Jitz Jeitz Trombone Gast Gnad Technik Werner Lutz
Pour des raisons indépendantes de notre volonté, nous devons malheureusement annuler le concert du 29 avril 2011.
Il sera reporté à la saison 2011/2012