Archives

Dimanche 12.02.2012 | 17:00
Mardi 14.02.2012 | 20:00
Réduit: 8,00 €
E lauter Poppenetti
Caberenert
Elo frot der Iech sécher ... Wat soll dat ? ... Wat heescht dat do dann elo?
Mä, maache si et dann net och esou? Déi Grouss ... aus der Politik a Wirtschaft... déi grouss Eminenzen... verstoppe se sech net och hanner Wierder... Nei Wierder, déi kee Mënsch versteet, gezwafft a benotzt fir datt mer mengen, se hätten d’Welt nei entdeckt. En neit Wuert als eenzegt Mëttel fir Problemer ze léisen, fir Inkompetenz, Onwëssen, Muechtlosegkeet an Ofhängegkeet ze verstoppen?
Abee, dat kënne mir och... ëm eis schéissen... mat Wierder!
Just, mir brauche keng nei ze erfannen..., well et gëtt se jo ( nach ) an eiser Sprooch!!!
Duerfir gi mir en aalt Wuert erauskropen... fir eist ze soen!!!
Ënner dem Motto “elauter Poppenetti” schéisse mir zeréck matt Wierder a soen eis Meenung.
Mä mir verstoppen eis net hanner Sproochblosen. Mir soen Iech genee, wat sech hanner dem Wuert verstoppt.
Et spillen Monique Melsen, Karin Seywert, Al Ginter a Marcel Heintz Musek Paul Dahm a Camille Nanquette Regie Guy Geimer Texter Rol Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Claudine Muno, Lucien Czuga Technik Marc Georges Kostümer Sylvie Hamus a Christina Kneip