Archives

Internationalen Fraendag
Jeudi 08.03.2012 | 20:00
Vendredi 09.03.2012 | 20:00
Réduit: 8,00 €
Fra! Fräi! Frou?
Makadammen
Wéini ass eng Fra wierklech Fra? Wann se fräi ass? Ass se dann och frou? Ass een automatesch frou wann ee fräi ass?
Firwat philosophéieren? Duerf een net mol einfach soen Ech hu keng Loscht … op all déi léif Gewunnechten. Mir riichten da léiwer hei bei eis e Monument fir de Lëtzebuerger op als wéi zu Babel de Katastrophentourismus ze ënnerstëtzen. Mir soen ëmmer: Max bleift Max an eng Quotefra … muss sech och mol änn‘re kënnen. An erziel elo keen eis: Ech an denger Plaz … Wou soll een do net de Fraeblues kréien?!
An dann heescht et nees: Ech soen näischt awer et ass ee gären voll dobäi. Soll dat alt Gutt fir d’Gesondheet sinn? Sou eng Tussikris? Naja, et ass jo dach alles nëmme Fassad. Komm mir danze léiwer den Tango d’Amour mam Angelina a wat et mam Puma op sech huet, dat gitt der dann och nach gewuer.
D’Makadamme maachen sech fräi … fir iech frou ze maachen.
Makadammen Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor Musek a musikalesch Begleedung Netty Glesener Texter Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor Regie Conny Scheel Kostu?mer Yvette Engel Bu?hn Arny Schmit Beliichtung an Technik On Stage Light