Archives

Du Vendredi 15.06.2012 | 20:00 au Samedi 16.06.2012 | 20:00
Du Mercredi 27.06.2012 | 20:00 au Samedi 30.06.2012 | 20:00
Réduit: 8,00 €
ADEL BRAUCHT TADEL
Monarchistesch am Frack- oder republikanesch Maansgréisst?
Claude Mangen, Rudi Schubert, Mars Klein

ADEL BRAUCHT TADEL
Gespillt gëtt nach dëss Woch:
Mëttwoch 27.06.12 um 20:00 Auer
Donneschdeg 28.06.12 um 20:00 Auer
Freideg 29.06.12 um 20:00 Auer
Samschdeg 30.06.12 um um 20:00 Auer
De Spektakel huet ze dinn mat enger Zort Leit, déi e puer Joerhonnerte laang en elitäre Fuurz nët iwer den natiirleche Wee lass gi sinn. Wann esou eppes ze laang am Kapp sëtzt, riskéiert et reaktionär ze richen.
Déi sougenannt Noblesse ass haut en Deel vun der Masse-Kultur - denke mer un hir televisionär arrangéiert Hochzäiten. Se ass awer ëmmer och nach e Symbol vun der sozialer Ongläichheet – an dat déck zweehonnert Joer no der Franséischer Revolutioun.
Et gëtt gespillt an enger Café - Cabarets - Atmosphär beim Patt. Mat däitschem a lëtzebuergeschem Text vum 18. Joerhonnert bis haut kommentéiren Mars Klein, Claude Mangen a Rudi Schubert de Phänomen Aristokratie an engem republikanesche Geescht.





Text Mars Klein Musek Rudi Schubert Regie Claude Mangen Et spillen Claude Mangen, Rudi Schubert, Mars Klein Affiche Pit Weyer Luucht an Toun Patrick Steffen, Donato Battista, ChristianHeinisch Produktioun Mierscher Kulturhaus Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun Piano Elsen am Fonds Culturel National.
D’Ausstellung « Vum Eilespill an anere Kregéiler. Satirische Literatur in Luxemburg » am Centre national de littérature ass op vum 24.05.12 bis 25.01.13 vun 10.00 - 18.00 Auer