Archives

Mercredi 20.03.2013 | 20:00 | Tickets
Jeudi 21.03.2013 | 20:00 | Tickets

Entrée: 15,00 €
Reduzéiert: 8,00 €
Spectacle enLU
PlacesNumeréiert Plazen
Réservation par téléphoneT. 47 08 95 1

Et geet elo duer

Kabarä Jemp Schuster

De Showdown mat der leschter Ofrechnung


Zanter 30 Joer steet de Jemp Schuster elo mat senge Kabaräsprogrammer op de Bühnen zu Lëtze­buerg. Et gëtt bal keen Duerf oder keng Stad déi en net an där Zäit besicht huet. Wéivill dausend Leit hu mat him gelaacht oder hunn e bei der Däiwel gewënscht, wann en alt erëm iwwer Themen a Per­soune gelästert huet, déi an den 80er Joeren nach tabu waren, an et deelweis haut och nach sinn. Dat ass awer keng Ursaach fir se ze verschounen.

Wann een dat esou laang mécht, an awer d’Welt net verännert huet, muss een sech dann nach ëmmer drun halen? Neen, et muss een net, an dofir geet et och elo duer. 2012-13 ass déi lescht Tournée wou de Jemp Schuster iwwer Land zitt, an deenen do uewen et nach eng Kéier lafe léisst.

Ween also bei dësem Showdown, dëser leschter Ofrechnung, déi doutsécher och e bëssen nostal­gesch wäert ginn, derbäi si wëllt, wann de Jemp äddi a merci seet, dee soll sech en Owend fräihalen.

 

Vun a mam Jemp Schuster