Archives

Avant Première
Jeudi 10.10.2013 | 20:00 | Tickets

Entrée: 17,00 €
Reduzéiert: 8,00 €
Spectacle enLëtzebuergesch
PlacesNumeréiert Plazen
Réservation par téléphoneT. 47 08 95 1

Ängri ould Börds

Kamédistéck vum Jay Schiltz

Gespillt vum Dentheater.lu


Dräi eeler Hären, ëm déi 80, den Armand, fréiere Staatsbeamten, onzefridde mat sech a mam Liewen, de Ben, fréiere Schoulmeeschter, sarkastesche Besserwësser an de John, Liewens-a-soss Kënschtler, dee vum Liewen nach ëmmer net genuch huet, ginn sech am Altersheim op d’Nerven. Si setzen do a meckeren iwwert Gott an d’Welt a schloen d’Zäit dout. Da geschitt eppes Onerwaartes. Si gewannen eng onméiglech Zomm bei Euromillions.

An da geet et lass. Op eemol hunn déi dräi nees Famill, déi sech wëll këmmeren, Frënn déi sech un si erënneren, Personal am Heim wat all Dag méi frëndlech gëtt! Déi dräi iwwerleeë wat se mat deem ville Geld sollen ufänken. Si hunn eppes Gemeinsames: Fréier, als Frënn, sinn se oft zesummen a Schottland gefuer, do wëllen se hin, fir sech e leschten Dram ze erfëllen. Déi wéineg Zäit déi hinnen nach bleift fir sech ze notzen.

De Jay Schiltz ass dofir bekannt dass en an deem wat e schreift a seet kee Blat vrun de Mond hëlt, sief et als Buchauteur, a sengen Theaterstécker, am Kabaret an als Journalist a Chefredakter vum Radio 100,7. Mat sengem Stéck iwwer déi al Leit bleift hien sech a sengen Iddien trei...

 

Regie Jacqueline Posing-Van Dyck Dekoren Jeanny Kratochwil Et spillen Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Fritz, Marcel Hamilius

 

hors carré

Première Tramsschapp (Lampertsbierg) 17.10.13 | 20:00

Weider Virstellungen Tramsschapp (Lampertsbierg) 18., 23., 24. & 25.10.13 & 7. an 8.11.13 | 20:00


Escher Theater 6.11.13 | 20:00