Archives

Vendredi 25.10.2013 | 20:00 | Tickets

Entrée: 17,00 €
Reduzéiert: 8,00 €
Spectacle enLU
PlacesFree seating
Réservation par téléphoneT. (+352) 47 08 95 1 (Luxembourgticket)

De Konterbass

Vum Patrick Süskind

Eng Produktioun a Lëtzebuerger Sprooch


Hie lieft eleng a senger schallisoléierter Wunneng, eleng mam Konterbass, sengem Instrument, dem gréisste vun alle Sträichinstrumenter, ouni dat, wéi hie seet, keen Orchester kann existéieren, well et sou eppes wéi d’Fëllement ass vun all Musik. Hien, de Musiker ouni Numm, ass op Liewenszäit engagéiert am Philharmoneschen Orchester, wou en hannen an der leschter Rei seng Plaz huet, obwuel de Konterbass senger Meenung no dach ‘dat zentraalt Orchesterinstrument ass’.

Mat vill Witz a Gespier, subtiler Ironie a Sarkasmus zeechent de Patrick Su?skind d’Bild vun engem Konterbassist, dee sech net unerkannt fillt, dee säin Instrument brauch, well et hien zum Kënschtler mécht an deen et grad sou haasst, well et aus him e Verléierer mécht.

Dobäi erliewe mer hien souwuel als Gemittsmënsch, dee gär säi Béierchen drénkt, wéi als béisaartege Klenggeescht, dee säi Gëft street, wéi och als geeschtege Raudi, dee seng Roserei net am Zam hale kann. Awer hien ass och onglécklech verléift, awer verléift an huet do eng wëlles... Zanter méi wéi drësseg Joer gëtt de Konterbass mat Erfolleg gespillt a ville Sproochen an elo fir d’éischt och op Lëtzebuergesch, an et gesäit sou aus, wéi wann deen onzefriddene Konterbassist ganz gutt och kéint e Lëtzebuerger sinn.

 

Iwwersetzung Nico Helminger Mam Germain Wagner Regie Charles Muller Regieassistenz Daliah Kentges Eng Produktioun a Lëtzebuerger Sprooch Eng Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Escher Theater