Archives

Mercredi 27.11.2013 | 20:00
Jeudi 28.11.2013 | 20:00
Vendredi 29.11.2013 | 20:00
Samedi 30.11.2013 | 20:00
Dimanche 01.12.2013 | 17:00
Reduzéiert: 8,00 €
Héichwaasser
Kabaret Sténkdéier
Héichwaasser - eis all steet d’Waasser bis zum Hals, eist nationalt Draamschëff ass zolitt op Grond gelaf an elo heescht et paddelen fir de Kapp iwwer Waasser ze halen. E regelrechten Tsunami vu Skandaler ass iwwert eis gefeegt: Bommeleeër-Prozess, SREL-Archiv, Stay behind, Enquête-Kommissioun, Oflauschter-
Aueren, OPE, Aarbechtslosenzuelen...
De Pegel klëmmt weider an a sengem Trëndel gesi mir de Lëtzebuerger Modell ofsaufen. Déi éischt Raten hunn de Naache scho verlooss an eise Kapitän Juncker schnaapt no Loft a sicht verzweiwelt no engem Rettungsreef.
SOS - a wäit a breet keng Arche a Siicht, déi eis rette kéint?
Texter Alain Adams, Tom Kraemer, Roland Meyer Regie Roland Meyer Et spillen Conny Braquet, Géraldine Posing, Raymond Bertemes, Nico Dabé, Tom Kraemer