Archives

Dimanche 11.05.2014 | 18:00 | Tickets

Entrée: 10,00 €
Reduzéiert: 5,00 €
Spectacle enLU

Op der Sich nom Superscout

d'Joerhonnertveillée vun der FNEL

Anne Simon


Bis elo huet et ëmmer geheescht de Sir Baden Powell hätt d’Scoute gegrënnt. Mee wat wier, wann dat alles vill méi verhext wier?

Viru laanger, laanger Zäit, huet an engem klengen Duerf de Poli gewunnt. Leider war de Poli dat eenzegt Kand am Duerf an hat keen anere fir mat him ze spillen, an de Bësch op grouss Aventuren ze goen, oder Spiichten ze dreiwen. De klenge Poli huet sech de ganzen Dag esou gelangweilt, dass en enges Moies, wéi seng Mamm amgaange war mat Kachen, hier de Bräileffel geklaut huet an deem zwee An, e Mond, eng Nues an e puer Ouere gemoolt huet, fir wéinstens ee Spillkomerod ze hun. Och wann deen (bis elo op alle Fall emol) stomm wor...

Duerch en zauberartegen Zoufall (dee natierlech eréischt op der Veillée selwer opgekläert gëtt) taucht - mat vill Tamtam an enger rise Sauerei an deer litterweis Ravioliszooss mat verwéckelt sinn- dem Poli säin zukünftege Kolleeg a Matbegrënner vun de Scouten op.

Zesummen erliewe si di phantasteschst Aventuren, begéinen enger verhexte Ravioli, a mussen zu gudder Lescht nach de Superscout sichen. Op se deen awer je wäerte fannen... Vläit mat ganz vill Hëllef vun anere Scouten an Net-Scouten.

Säit honnert Joer schonns bréngt d’FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg), eenzege laïzistesche Scoutsverband am Land, et fäerdeg, Jonker uechtert d’ganz Land a hiere 25 Gruppen unzezéien ze begeeschteren, an se all Dag duerch des formidabel Schoul vun Zivismus, Toleranz, Fräiheet, Bridderlechkeet a vrun allem Solidaritéit ze féieren.

An engem Owend voll Witz, Fantasie, Faarw a Kreativitéit, presentéiert d’FNEL mat hire Memberen, enkadréiert vu professionnelle Theaterschaffenden (an ale Scouten) eng eemoleg Show fir Kleng a Grouss: Scouten, deer déi et emol waren an am Geescht et nach emmer sin, deer di et nach net sinn, an deer di einfach emol wëllen an des kleng Welt erakucken.