Archives

Samedi 11.10.2014 | 20:00 | Tickets
Reduzéiert: 9,00 €
Goss à gogo
Kaméidistéck vum Sébastien Thiéry (Comme s’il en pleuvait)
An d’Lëtzebuergescht adaptéiert vum Claude Fritz. Gespillt vum Dentheater.lu
Wann d’Laurence an de Bruno owes heemkommen, fannen si an hiirem Salon en Honnerteuroschäin. Deen Dag drop leien e puer Schäiner do. Vun Dag zu Dag ginn et der ëmmer méi. Bëndele vu Billjeeën fëllen hiert Appartement, sou wéi wann et Geld géif reenen. Am Ufank intriguéiert, panikéieren se lues a lues wéinst deene ville Suen. Si froen sech souguer op d’Paula, hiir portugiesesch Haushaltshëllef, net derhannert stécht. An dëser absurder Situatioun verwandlen d’Laurence an de Bruno, déi e ganz normale Stot féieren an e gesond Verhältnis zum Geld hunn, sech a Superegoisten wann et drëm geet ze wëssen op se dat suspekt Geld sollen halen oder kucken em lass ze ginn. Et entsteet e regelrechte Kampf tëscht Moral a Profitsucht deen nëmme ka verluer goen… Wann dann abeemol e paranoiaquen a bewaffnete Noper, dee behapt beklaut ginn ze sinn, un hiir Diir klappt, dann dréinen déi zwee duerch…. Eist Verhältnis zu deem léiwe Geld gëtt an der Farce vum Sébastien Thiery op eng „phantastesch“ Manéier op d’Schëpp gehol.
Regie Marion Poppenborg Dekor Trixi Weis Beliichtung Jean Krippler Musek Balli Baldauff Et spillen Danielle Wenner, Christiane Durbach, Claude Fritz a Pierre Bodry Produktioun Dentheater.lu