Archives

Mercredi 23.03.2011 | 20:00
Enfants / Etudiants: 8,00 €
Da maacht Iech emol fräi
Jemp Schuster
Kabarä
Dat ass eng Opfuerderung, déi een zum dackste beim Dokter héiert, an den éischte Reflex ass dann : « Ganz fräi ? Och ënnen erëm? ». Wann den Dokter een da berouegt : « Neen, dat ënnescht duerft Der unhalen », dann ass ee scho manner
opgereegt. Well ganz fräi, oder ganz plakeg, mécht kee sech gär. Zemol net, wann déi aner ronderëm nach all ugedoe sinn.
Wéi wier et dann, wa mer all plakeg do sténgen, wa mer äis total géife fräi maachen. Fräi vun allen Zwäng, vun all Indoktrinéierung, vun all Ënnerdréckung, vun all Diktatur a vun der éiweger Angscht näischt ze kënnen oder alles falsch ze maachen. Mir maachen äis einfach fräi, da bräuche mer kee Scanner méi a keng verstoppte Kameraen, da muss kee méi deen aneren äusspionéieren oder erpressen. Wa jidderee plakeg do steet, da komme mer äis vir wéi am Paradäis, an da fänke mer nach eng Kéier ganz nei un.
Wat gëtt dat spannend! An deem Sënn: Da maacht Iech emol fräi!
Texter & Spill Jemp Schuster