Archives

Première
Jeudi 05.03.2015 | 20:00 | Tickets
Vendredi 06.03.2015 | 20:00 | Tickets
Mardi 17.03.2015 | 20:00 | Tickets
Mercredi 18.03.2015 | 20:00 | Tickets
Réduit: 9,00 €
Äiskal
oder Eng Zort Alaska
Pol Greisch

Mäi Frënd Pol Greisch
Miersch feiert de groussen Theatermann a Schrëftsteller.
2015 feiert de Pol Greisch, ee mat de bedeitendste Schrëftsteller aus Lëtzebuerg, säi 85. Gebuertsdag. D’Mierscher Kulturhaus an d’Servais-Haus feiere mam Auteur.
Am Mierscher Kulturhaus gëtt dat neit Stéck Äiskal oder Eng Zort Alaska opgefouert.
Tëscht 1916 an 1927 gouf et weltwäit eng Epidemie, déi sougenannt Europäesch Schlofkrankheet (encephalitis lethargica), eng Gehirkrankheet, déi nieft bal 5 Milliounen Doudesfäll eng sëlleche schwéierkrank Mënschen hannerlooss huet.
An de siechzeger Joren ass den Neuropsychiater Prof.Oliver Sacks an enger Klinik bei New York eng Rei Patiente begéint, déi d’Epidemie vun deemools iwwerlieft haten; hien huet déi dunn mat deem nei entdeckte Medikament L-Dopa (en dérivé vun Dopamin) behandelt. D’Wierkung soll spektakulär gewiescht sinn: Mënschen, déi Jorzéngte laang wéi “agefruer” woren, sinn dorophin rëm “lieweg” ginn.
A sengen Buch “Awakenings”(Zeit des Erwachens) beschreift den Oliver Sacks akribesch esou Fäll, ëmmer erëm begleet vun Halluzinatiounen. Inspiréiert dervun, gräift den Harold Pinter 1982 e ganz spezifesche Fall op a mecht draus en Theaterstéck (Eenakter): “A Kind of Alaska”.
Mech huet d’Thematik faszinéiert; ech hu mer erlaabt, d’Stéck fräi z’iwwersetzen (oder z’adaptéieren) an anengems probéiert ze weisen, wéi d’”Geschicht” mengem Gefill no, an engem zweeten Akt, hätt kënne viru gon.




© Pol Linden
Fräi nom Harold PINTER
Ecriture Pol Greisch
Regie Claude Mangen
Schauspiller Christiane Durbach, Fred Frenay, Monique Reuter, Gilles Soeder, Nathalie Felten
Bühn & Kostümer Jeanny Kratochwil
Inspizienz Liette Majerus
Maquillage a Coiffure Joël Seiller
Musek / Sound Design Marc Clement
Assistentin Nadine Ewerling
DOWNLOAD PRESSEFOTOEN
Mat der frëndlcher Ënnerstëtzung vum Ministère de la Santé, Fonds Culturel National, Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique, Fondation Indépendance a vun der Banque de Luxembourg.
![]()
![]()
![]()
Am Servais-Haus verzielt de Pol Greisch aus där Zäit, an där sech d’Theaterwelt zu Lëtzebuerg komplett verännert huet, a Kollege wéi de Claude Mangen erënneren sech un d’Zesummenaarbécht mat him. En Owend vun Temoignagen an en Abléck an d’Wierk an an d’Liewe vum Schrëftsteller.
Pol Greisch oder E Liewen fir den Theater
21.04.15 | 19:30
Am Centre national de la littérature ( Servais-Haus ). Gratis Entrée.
