Archives

Vendredi 04.12.2015 | 20:00 | Tickets
Samedi 05.12.2015 | 20:00 | Tickets
Dimanche 06.12.2015 | 17:00 | Tickets
Réduit: 9,00 €
Zuppermänner
Eng Kabaret-Séance vum Guy Rewenig

Zuppermänner – korrekt: d'Supermänner – sinn déi Halschent vun der Mënschheet, déi ëmmer nees mat grandiosen Iddien opfält: si schnëssen, bis se bal keng Stëmm méi hunn, himmelen d'Technik un, och wa se guer net fonctionnéiert, fille sech de Fraen haushéich iwwerleeën, hale sech fir politesch Capacitéiten, verkafen och hir gréissten Dommheeten nach al Glanzleeschtungen, triede gär a grotesken Uniformen op (als Pompjee, Zaldot, Grandück, Finanzgenie, Rebell, Kaploun a Paschtouer), erfanne surreal Saachen, wëllen ëmmer nëmmen dirigéieren, dominéieren, intriguéieren, spekuléieren, randaléieren, dementéieren, theoretiséieren, paradéieren an impressionnéieren. Si sinn ebe vu Kapp bis Fouss ganz einfach zupper.
Dat Besonnescht um Guy Rewenig sengem neie Kabaret-Programm Zuppermänner ass, datt hei eng Fra – d'SchaupillerinChristiane Rausch – en duerch an duerch sarkastesche Bléck op déi komplex Männerwelt werft. Den Jazz-Museker Jitz Jeitz däerf mat Saxofon a Klarinett de Prototyp vum Mann spillen.
Schauspill Christiane Rausch Musek Jitz Jeitz Regie Guy Rewenig Design Pat Wengler Lucht & Technik On Stage Light Produktioun Mierscher Kulturhaus