Theatre

Dimanche 05.06.2016 | 18:00 | Tickets

Adultes: 20,00 €
Réduit: 10,00 €
Spectacle enLëtzebuergesch
PlacesFree seating

Fatzbeidelen

E Stéck fir ze laachen, fir ze liesen a vläicht fir ze spillen


Fatz a Beidel treffen sech, nodeems de Mann mat der Schéier am Bauch onglécklecherweis wéint der Schéier am Bauch ëm kënnt. De Mann gëtt riets/lénks leie gelooss a zesumme waarden di zwéin Hären op d'Fatzerten an d'Beidelen, déi all Ament mam Schëff iwwert d'Mier komme missten. Zäit genuch also fir an aller Rou d'Schlass opzeraumen (tëschent 54 a 55 Minutten), Wirschtecher ze verdauen an dem Mann (engem anere Mann!) um Balcon mat der Trompett an den 137 Pompjeeën beim verbrenne nozekucken.

 

Awer gutt uecht ginn: D'Page Time Paginatioun an d'Fro vun der Säit-Zäit an Zäit-Säit vum Text nom Dramaturg Onesicrites vun Astypalae muss pénibelst genau suivéiert ginn. D'Opféierung vun de Fatzbeidele mécht just dann Sënn, wann déi genau Opféierungsdauer vun 5 Stonne, 143 Minutten an 412 Sekonnen garantéiert ass an déi 292 Mënschen a Liewewiesen mat op/ laanescht der Bu?hn stinn.

 

Mir kënnen dat elo endlech, well : „Soulaang d'Fatzbeidelen an der Regierung sinn, gëtt näischt méi vu mir opgefouert“, hat den Auteur Norbert Weber aus Protest déklaréiert, ewéi e gefaart huet, dat et mat de Fatzbeidele wéi mat de Fixspéin wier : „Wat sinn dat da fir Fixspéin! Lauter schwaarzer! Dann ass et kee Wonner, wann se net uginn! Well mat deene Schwaarzen wor nach ni eppes unzefänken!“ (Revue : „Donnerwetzki“, NoWe , 1969)

 

Auteur Norbert Weber Regie Tom Dockal Bu?hn & Video Paul Schumacher (artiste visuel) Et spillen Marc Baum, Pol Hoffmann Produktioun Théâtre National du Luxembourg

 

No der Virstellung gëtt zum Ofschloss vun der Theatersaison gegrillt.