Archives

Vendredi 22.04.2016 | 20:00 | Tickets
Samedi 23.04.2016 | 20:00 | Tickets
Dimanche 24.04.2016 | 17:00 | Tickets
Reduzéiert: 9,00 €
Päerd sinn och nëmme Mënschen
E litteraresche Galopp op zwee a véier Been
Mars Klein, Rudi Schubert
Vun 1978 bis 1982 huet de Mars Klein als Solo-Kabarettist säin Deel bäigedroen bei d’lëtzebuergesch satiresch Litteratur. No laanger Bühne-Paus huet en 2012 mam Claude Mangen a Rudi Schubert Adel braucht Tadel - Republikanesch Texter vom 18. Joerhonnert bis haut am Mierscher Kulturhaus gespillt.
Fir e ganz neien Ensembel huet en elo „klassesche Kabarett“ mat Texter vu lëtzebuergeschen an däitschen Auteuren zesummegestallt: Heinrich Heine bis Roger Manderscheid, Kurt Tucholsky bis Mars Klein - an enger Dosen aneren. Kuerz Prosa, Gedichter, Chanson, Zeenen - et geet vun der zériöser Réflexioun bis bei witzegt Spill. Vill dovunn gët gesongen - alles vertount vum Rudi Schubert.
Am éischten Deel Wee raaft? Wee schaaft? geet et vum Héich-Uewen bis bei déi „kleng Leit“. Den zweeten Deel Mann a Fra: Er(r)otika weist Biller vun der Léift: Entusiassem, Realissem, Frivolitéit, Onsériösitéit, Verspilltheet, Niëwt-Enaner. Datt et och Texter gët iwer Päerd - nët ouni remarkabel Änlechkeete mat eis Mënschen - dat steet jo am Titel.
Op der Bühn si mam Mars Klein:
D’Véronique Kinnen. Huet vill Rollen aus Dicks-Operette gesongen. 2014 d’Armida an der Oper „Rinaldo“ vum Händel. 2015 Chanson an der Museks-Revue „Frou-Frou“ ënner der Régie vum Claude Mangen.
D’Sabine Rossbach. Spillt zënter 2012 professionell. Eng ganz Rei Engagementer fir Film, Televisioun a Bühn op Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch.
De Rudi Schubert. Huet Piano-Concertë ginn fir d’Jeunesses musicales. Musikalesch Radio-Spiller fir Kanner geschriwwen. Lieder a Chanson komponéiert.
De Spektakel dauert 2 X 45 Minutten. Mat enger Paus.