Archives

Mardi 15.11.2016 | 20:00 | Tickets
Mercredi 16.11.2016 | 20:00 | Tickets
Jeudi 17.11.2016 | 20:00 | Tickets
Vendredi 18.11.2016 | 20:00 | Tickets
Samedi 19.11.2016 | 20:00 | Tickets
Dimanche 20.11.2016 | 17:00 | Tickets
Mercredi 23.11.2016 | 20:00 | Tickets
Jeudi 24.11.2016 | 20:00 | Tickets
Vendredi 25.11.2016 | 20:00 | Tickets
Samedi 26.11.2016 | 20:00 | Tickets
Reduzéiert: 10,00 €
Schmeier!
Kabaret Sténkdéier
Et ass schmeier! Den Himmel dréckt an d’Loft ass fir ze schneiden. D'Vulle fléien déif, et ass bronkeg, dompeg.Et ass schmeier! Ass et de politeschen, de wirtschaftlechen oder den zwëschemënschleche Klima? Ass et de Klimawandel? Schwéier ze soen, mir wësse just, datt de Schweess eis zolitt ausgeet.
Et ass schmeier! D’Terrassen sinn eidel, d’Stroossen si fiicht, d’Leit hunn sech hannert hir déck Maueren zréckgezunn. D’Klimaanlage si voll opgedréit.
Et ass schmeier! Et läit een Donnerwieder an der Loft, jidderee spiert et. Mee wat gëtt dat fir ee Gerubbels? Aus wéi enger Richtung kënnt et ? Botzt et Loft oder rappt et eis all mat fort?
15. - 20.11.16 Free seating mat Kabaret Bestuhlung am Grousse Sall
23. - 26.11.16 Numeréiert Plazen am Grousse Sall
Texter Alain Adams, Roland Meyer Regie Roland Meyer Et spillen Conny Braquet, Irène Zeimes, Nico Dabé, Gilles Wunsch
Gutt geroden!
Fotosausstellung vum 17. - 30.11.16
Vernissage Donneschdeg 17.11.16 : 18:30
Zanter 15 Joer begleed de Claude „Sibi“ Sibenaler de Kabaret Sténkdéier als Fotograf bei alle Programmen. Hie mécht d'Pressefotoen, d'Livefotoen an d'Videoen. Dës Ausstellung weist, wéi et op an awer och hanner der Bühn bei de Sténkdéiere leeft: d'Haaptsaach ass a bleift den Humor. De Claude „Sibi“ Sibenaler fänkt dës ganz besonnesch Stëmmung a senge Fotoen an a presentéiert esou ee Stéck Lëtzebuerger Kabaretsgeschicht.