Schweierpunkt

125 Joer Kino- a Filmgeschicht!

Themenschwéierpunkt

 

28.10.2020 - 27.11.2020

 
Filmhistoriker streiden sech, wien de Film erfonnt huet, a wien de Kino? Waren et d’Bridder Auguste a Louis Lumière, wéi si den 13. Februar 1895 hire Cinématographe patentéiere gelooss hunn? Oder sollt een net de genialen amerikaneschen Erfinder Thomas Edison als Viraarbechter heivunner gesinn? A misst een net och amerikanesch an europäesch Kinospionéier ernimmen, wéi déi däitsch Bridder Max an Emil Skladanowsky déi zäitgläich zu Berlin am Wintergarten experimentéiert hunn?

Dat ass eng Saach vun Definitioun a vun der Fro, ob een déi technesch Entwécklung als Datum hëlt oder dee Moment wéi eng éischte Kéier Leit an engem Raum beweegte Biller op enger Leinwand ze gesi kruten. Enn vum 19. Joerhonnert huet d’Photographie geléiert lafen an den 28. Dezember 1895 war am Grand Café um Boulevard des Capucines zu Paräis, déi éischt ëffentlech Filmvirféierung a Frankräich. D’Gebridder Lumières hunn Entrée opgehuewen an e puer Dose Visiteuren haten och bezuelt. Domat war de Kino gebuer.

Haut 125 Joer duerno lieft an iwwerlieft de Film, well Mënschen ëmmer nach gäre Geschichte verzielt kréien a wëllen dreemen. Kengem anere wéi der Filmindustrie geléngt et mat moderner Tricktechnik a Special- Effects eng Magie op de groussen Ecran ze zauberen. Ob gigantesch Blockbuster oder usprochsvoll alternativ Filmer, si all sinn Ierwe vun der Pionéierzäit a lackele Milliounen Zuschauer ronderëm de Globus an d’Kinoen, net méi stomm a schwaarzwäiss, mä faarweg an an 3D. De Fortschrëtt geet virun! Ob Streaming an de Gebrauch vu Laptopen a Smartphonen den traditionelle Kinosbesuch ersetze bleift ofzewaarden.


Konferenz: Eng iwwerraschend an insolite Rees duerch déi Lëtzebuerger Filmwelt Event
Méindeg 09.11.20 | 19:30 mam Paul Lesch
-
Konferenz Konscht am Kino – Vun Artisten an deenen, déi se um groussen Ecran gespillt hunn Event
Méindeg 23.11.20 | 19:30 mam Christian Mosar
-
*ANNULEIERT* Konferenz Den internationale Film a seng Auswierkungen op Lëtzebuerg Event
Méindeg 30.11.20 | 19:30 mam Paul Lesch

--> UMELDUNG fir d'Konferenzen per Mail: info@kulturhaus.lu.
Den Entrée ass gratis

-
*ANNULEIERT* Filmbrunch: Iwwert d’Ufäng vum Lëtzebuerger Film Event
Sonndeg 22.11.20 | 11:00

-
Im Dialog mit Helen Buchholtz Event
Sonndeg 22.11.20 | 15:00 | E Film vum Anne Schiltz | Produktioun: Centre national de l’audiovisuel
Am Joer 1998 stéisst d’Musekologin Danielle Roster op wäertvoll Dokumenter: Noutemanuskripter vun der bis ewell onbekannter Komponistin Helen Buchholtz. 20 Joer drop setzen zäitgenëssesch Komponistinne sech mat hirer Musek ausenaner. Den Documentaire Im Dialog mit Helen Buchholtz begleet d’Interpreten an d’Komponistinne wärend dem Entstoe vun der CD Und hab’ so große Sehnsucht doch a gëtt en Abléck an d’Liewen an d'Musek vun enger vun de faszinéierendste Fraen zu Lëtzebuerg am fréien 20. Joerhonnert.
Fräien Entrée | Free seating
-
Courants d’Airs Event
Sonndeg 22.11.20 | 15:45 | E Film vum Anne Schiltz | Produktioun: CID Fraen a Gender | Centre national de l’audiovisuel
Déi kleng bretonesch Insel Ouessant steet all Summer am Zeeche vun der Musek vun de Fraen. De Festival Musiciennes à Ouessant ass souwuel bäi den Awunner wéi bäi den Touristen den Highlight vum Joer. 2015 steet d’lëtzebuerger Komponistin Lou Koster mat hire Lieder an hirer Instrumentalmusek am Mëttelpunkt. D’Catherine Kontz, d’Albena Petrovic-Vratchanska an d’Tatsiana Zelianko hu sech um Wierk vun hirer Virgängerin inspiréiert, hunn nei Stécker fir de Festival komponéiert.
Fräien Entrée | Free seating
-
E ganz honorable Beruff Concert
Sonndeg 22.11.20 | 17:00 | D’Koster-Schwësteren als Stommfilmmusekerinnen
Live Pianomusek an 20er Joeren Atmosphär! Interessantes zum Beruff vun den dräi Stommfilmmusikerinnen an historesch Filmer aus dem Bestand vum CNA Jessica Chan, Anne Schiltz, Danielle Roster

-
*ANNULEIERT* Filmkomponisten a Kinoklassiker Concert
Fr 27.11.20 | 20:00 | Lëtzebuerger Militärmusek | Direktioun: Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun
Mat hirem groussen Orchester offréiert d’Militärmusek eng onvergiesslech Rees mat musikaleschen Highlights aus der Filmwelt.

CNA_bleu

CID_2020_HighRes_Quadri

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu