Spektakel

Alles Féik oder wat?

Makadammen

 

28.04.2019 | 17:00 | Tickets

 

Reservatioun
T. (+352) 47 08 95 1
M. luxembourgticket.lu

Free seating mat Kabaret Bestuhlung




Ticket 20.0 €
Reduzéiert 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

Wat géife munnech Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier am Ufank schonn net schlecht. Sou hu sech och puer Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram z’erfëllen an an enger lëtzebuergescher Tëleeproduktioun däerfe matzespillen.

Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles musse si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friesse si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien? Oder ass et dach eng Welt wou alles nëmme Féik ass?

Makadammen Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor Musek a musikalesch Begleedung Netty Glesener Texter Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor Regie Jacqueline Posing-van Dyck Dekor Christian Klein Kostümer Christian Klein an Yvette Engel Affiche a Fotoen Pitt Becker Beliichtung an Technik On Stage Light

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu