Interview

Annick Putz

Artistin / Choreographin-Dänzerin am MKH während der Saison 19/20
blanContact: e Kontakt mat enger spezieller Charge

 
AnnickPuetz_06.10x15
© Veronique Kolber

01.07.2019 - 01.07.2020

 

2009 hat de blanContact-Ensembel Première op der Mierscher Kulturhausbühn. Zanter hier si reegelméisseg Opféierungen. Dat Besonnescht dorunner: Danzamateuren, mat oder ouni physeschem Handicap, beweege mat perséinlechen, poetesche Beweegungen. Annick Pütz, Dir sidd professionell Dänzerin a Choreographin a codirigéiert zanter iwwer 10 Joer de blanContact-Projet. D’Genèse vun engem Spektakel zitt sech iwwert 2 Joer, Dir prouft all Weekend an deelweis owes an der Woch. Knallhaart, bal wéi bei Profien?

De Rhythmus vum Grupp ass méi lues, eleng scho wéinst de ville Participanten. Um Ufank vun all Prouf sti Ritualer: sech begréissen, sech begéinen, da sech beweegen, an da si mir dran, jidderee no senge Méiglechkeeten, no senger Intuitioun. Mir huelen eis och vill Zäit, fir een deen aneren ze kucken. Doduerch versteet een, wat stëmmeg ass a wat net. An a Momenter, wou eppes Flottes erauskënnt, sinn déi, di kucken, och frou, dat motivéiert an inspiréiert. Esou brénge mir d’Participanten an der Beweegung lues a lues op déi artistesch Piste.

Fir Iech geet et dorëms, eng bannescht Beweegung, eng Pulsioun, no baussen ze sculptéieren. Ass dat mat Amateuren, mat Dänzer, deenen de Kierper net ëmmer, respektiv ni follegt, net eng Saach vun der Onméiglechkeet?

Et kënnt vu bannen, jo, dann iwwerhëlt de sozialen Aspekt, déi éierlech Renconter. Aus engem Mouvement eraus kucke mir, wat ass elo méiglech, wat geschitt a mengem Kierper a wat spieren ech tëschent eis. Dat ass Fudder fir d’Beweegung.

Sech duerch Ge ller matdeelen: dat ass e Statement géint eng Gesellschaft vun den Apparencen. De blanContact-Spektakel gëtt als Performance géint Viruerteeler annoncéiert. Deemno iwwerhëlt de Public während der Opféierung eng aktiv Roll?

De Public erlaabt eis opzetrieden, dat ass einfach esou. Mir wëllen eis mat eiser Aarbecht weisen, eppes ginn. Op der Bühn stoe, soll e generéisen Akt sinn. Dann ass do awer och en Drock, e Widderstand am Grupp, deen et ze iwwerwanne gëllt. Duerch d’Präsenz vum Public kënnt eppes eraus, wat net komme géif, wa keng Mënschen am Sall wieren.

Et ass net typesch, Leit mat enger Behënnerung op enger Bühn ze gesinn. D’Erwaardung vun de Spectateuren ass wahrscheinlech schonn eng speziell.

Jo, dat kann een net ewechmaachen. Mee ech denken, datt et um Enn awer vill Leit beréiert, wat alles méiglech ass. An datt se d’Mënschlechkeet gesinn. Eng Wonschvirstellung ass, datt et keng Ausnam méi ass, esou Virstellunge kucken ze goen. An datt de Moment kënnt, wou et egal ass, op eng Persoun eng Behënnerung huet oder net.

Den Interview huet d’Kerstin Thalau geféiert.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu