Ausstellung

Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt

Mierscher Geschichtsfrënn

 
Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt
© Mierscher Geschichtsfrënn

07.11.2019 - 01.12.2019

Montag | 14:00 - 17:00
Dienstag | 14:00 - 17:00
Mittwoch | 14:00 - 17:00
Donnerstag | 14:00 - 17:00
Freitag | 14:00 - 17:00


Vernissage
Më 06.11.2019 | 18:30

D'Ausstellung ass donieft op:
So 10.11., So 17.11., So 24.11. | 15:00 - 17:00 mat Visite Guidée um 15:00
Sonndeg vum Mierscher Chrëschtmaart 01.12.2019 | 14:00 - 17:00 mat Visite Guidée um 15:00

Nocturne : Fr 29.11.2019 | 19:30 - 21:00
a Präsenz vun de Mierscher Geschichtsfrënn

 

Miersch hat doduerch datt et Zentrum vum Kanton gi war, schonn 1850 niewent de Baueren och 12 Beamten an 10 Geschäftsleit. Duerch de Bau vun der Eisebunn (1862) koum e wirtschaftlechen Opschwong. Industrien hu sech ronderëm d’Gare ugesidelt. Niewent der Holzindustrie ass haaptsächlech d’Zockerfabrik ze ernimmen.

Déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik huet Bild vun der lëtzebuerger Landwirtschaft nom 2. Weltkrich grondleeënd verännert. Déi kleng Bauerebetriber haten ausgelieft. Fir d’Landwirtschaft ze moderniséieren, sollt eng zentral Siloanlag gebaut ginn.

Déi fréier Zockerfabrick bei der Mierscher Gare gouf als gëeegent Plaz ausgewielt. 1959 goufen déi éischt Käre geliwwert. Ronderëm de Silo huet sech dunn op engem 30 ha groussen Terrain den Agrozenter entwéckelt. Bis zu 400 Leit hunn op dësem Site geschafft.

Awer alles vergeet. D’Anlagen hätte misste renovéiert ginn. Och sinn 30 ha Bauland, geleeën am Zentrum vum Land, no bei der Autobunn an un der Eisebunn, e formidabele Spekulatiounsobjet. Les rives de l’Alzette wäerte séier vergiesse loossen, datt Miersch während Joerzéngte Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt war.

D'Ausstellung ass organiséiert vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch an Zesummenaarbecht mam Mierscher Kulturhaus an ënnerstëtzt vum LEADER Lëtzebuerg West.

LOGOS ALL & LEADER
 

Mediepartner:
Nordlliicht_TV_final

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu