Event

Presentatioun CAKU Kannerprogramm

e liewegen Ausbléck op déi nächst CAKU-Saison 22/23

 
Zeugs @ Barbara Palffy
Zeugs @ Barbara Palffy

27.09.2022 | 10:00 - 11:30 27.09.2022 | 14:30 - 16:00

Eintritt frei

 
Fir Iech e liewegen Ausbléck op déi nächst CAKU-Saison 22/23 vum Mierscher Kulturhaus ze ginn, luede mir Iech an op eis Journée porte ouverte mat Extraite vu Kreatiounen a Produktiounen déi Iech déi nächst Méint erwaarden. Kommt an d’Gespréich mat de Kënschtler an den Organisateuren, kuckt hannert d’Kulissen um Mierscher Kulturhaus a maacht mat bei eise Workshops. Spill a Spaass fir grouss a kleng!

Sicht mam Viktor no der vergiessener Melodie, lauschtert dem Potty Lotty no wéi et aus "Paula und die Leichtigkeit des Seins" liest a geheit wärend de Workshops ee Bléck hannert d'Kulissen.

Mir freeën eis op Iech!

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu