CAKU Kannerprogramm

Carlo Koffer *REPORTEIERT*

UGDA Museksschoul.
Wat ass an him dran, am Carlo Koffer? Eng interaktiv musikalesch Geschicht fir Kanner

 
© Madok

27.04.2020 - 09.06.2020

28.04.2020 | 14:00 - 14:45
28.04.2020 | 16:00 - 16:45

Schoulvirstellung
27.04.2020 | 09:00 - 09:45
27.04.2020 | 10:15 - 11:00
27.04.2020 | 14:30 - 15:15
28.04.2020 | 09:00 - 09:45
08.06.2020 | 09:00 - 09:45
08.06.2020 | 10:15 - 11:00
08.06.2020 | 14:30 - 15:15
08.06.2020 | 14:30 - 15:15
09.06.2020 | 09:00 - 09:45
09.06.2020 | 10:15 - 11:00

Ticket 12.0 €
Kanner 6.0 €

D'Schoulvirstellungen sinn alleguerten ausverkaft.

 
*** Mir informéieren Iech hei iwwert déi nei Datumer sou bal wéi méiglech. D'Ticketen déi Dir fir d’Virstellunge vun Abrëll kaaft hat bleiwe gëlteg. Mir update reegelméisseg. Merci fir Äert Versteesdemech.***

Wësst dir firwat de Carlo Koffer do ass? Firwat brauch een deen iwwerhaapt? A wat ass an him dran?
Déi Froe stellt de Carlo Koffer sech schonn zanter laangem. Hie wëllt erausfannen, wat an him dran ass. Ob him dat geléngt, a wat hien dobäi alles erlieft, gi dir an dëser musikalescher Geschicht gewuer.

Dëst Stéck ass eng interaktiv Geschicht, wou d’Kanner zesumme mam Carlo Koffer op d’Rees ginn an een Dag mat him erliewen. De Carlo Koffer sengt och mat de Kanner, an déi sollen aktiv mat hëllefe fir erauszefannen wat dran ass.

Den Tom Braquet ass Laureat vum Concours „Jeunes Solistes“ an huet scho bei villen Orchestere matgewierkt. Vun 2006 bis 2009 huet hien säin Tubaspill um Conservatoire vu Maastricht perfektionéiert. Hie spillt d’Tuba bei der Militärmusek an enseignéiert, ënnert anerem, an der UGDA Museksschoul. D’Micky Thein huet op der „Hochschule für Musik“ zu Saarbrécke säi Bachelor an der „Elementarer Musikpädagogik“ mat Trompett kritt. Zanter 2017 ass d’Micky Thein directrice adjointe vun der UGDA-Museksschoul.

Dauer 45 Min. Alter 3-6 Joer (Cycle 1) Sprooch Lëtzebuergesch

Geschriwwe an erzielt vum Micky Thein Musikalesch interpretéiert vum Tom Braquet Ee Projet an Zesummenaarbecht mat der UGDA Museksschoul.

CAKU

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu