CAKU Kannerprogramm

Carlo Koffer *ANNULEIERT*

UGDA Museksschoul
Wat ass an him dran, am Carlo Koffer?

 

19.01.2021 | 15:00 - 16:00
21.01.2021 | 15:00 - 16:00

Ticket 12.0 €
Reduziert 6.0 €
Kulturpass 1.5 €

Ticket’en Schoulvirstellungen
T. (+352) 26 32 43 1
M. scolaires@kulturhaus.lu

 
***
Leider ass de Carlo Koffer ofgesot.
D'Ticketen déi Dir fir dëst Stéck kaaft hat ginn iwwert luxembourgticket ( T. 47 08 95 1 ) rembourséiert.

Merci fir Äert Versteesdemech an Är Gedold.
***



Wësst dir firwat de Carlo Koffer do ass? Firwat brauch een deen iwwerhaapt? A wat ass an him dran? Déi Froe stellt de Carlo Koffer sech scho säit laangem. Hie wëll erausfannen, wat an him stecht. Ob him dat geléngt a wat hien dobäi erliewt gi dir an dëser musikalescher Geschicht gewuer. Dëst Stéck ass eng interaktiv Geschicht bei däer d’Kanner zesumme mam Carlo Koffer op d'Rees ginn. Dobäi mussen si roden wat an him dran ass, an do kommen déi komeschste Saachen eraus. Eng Int? Ee Glitzermonster? Eng Schlaang? De Carlo sengt och mat de Kanner, an déi sollen hëllefen erausfanne wat am Koffer ass.

Den Tom Braquet ass Laureat vum Concours Jeunes Solistes an huet scho bei villen Orchestere matgewierkt. Vun 2006 bis 2009 huet hie säin Tubaspill um Conservatoire vu Maastricht perfektionnéiert. Hien spillt Tuba bei der Militärmusek an enseignéiert, ënnert anerem, an der UGDA Museksschoul. D’Micky Thein huet op der Hochschule für Musik zu Saarbrécke hire Bachelor an der Elementarer Musikpädagogik mat Trompette kritt an 2016 mat engem Master an der Musekspedagogik op der Hochschule für Musik und Tanz Köln seng Studien ofgeschloss. No puer Joeren als Enseignante an der UGDA-Museksschoul a ville verschiddene Projeten am Beräich vun der Musekspedagogik ass d'Micky Thein Directrice Adjointe vun der UGDAMuseksschoul.

Alter 3-6 Joer Dauer 45 Min. Sprooch Lëtzebuergesch

-
COVID 19
Bei all eise Manifestatiounen, Concerten a CAKU Spektakele gëllt eng obligatoresch Maskepflicht ab 6 Joer - bei reservéierte Plaze wéi bei Free seating.

Geschriwwen an erzielt vum Micky Thein Musikalesch interpretéiert vum Tom Braquet /
Ee Projet an Zesummenaarbecht mat der UGDA Museksschoul.
CAKU_CAKU-20_21



Screen Shot 2020-09-09 at 10.34.47

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu