Concert

Ka komme wat wëllt

40 Joer dono - Robert Stephen Band

 
© Robert Stephen Band

24.06.2022 | 20:00 | Tickets
25.06.2022 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 26.0 €
Schüler / Student 13.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
Wéi am Joer 1982 den Album Ka komme wat wëllt vun der Robert Stephen Band op de Maart komm ass, hu warscheinlech déi  mannst Leit geduecht, datt dee Vinyl Lëtzebuerger Museksgeschicht géif schreiwen. Dat Ganzt war produzéiert vun der Robert  Stephen Band, opgeholl an ofgemëscht gouf am „Geméisbuttek“ zu Wolz an de legendäre Cover staamt vum Renée Weber.

Déi  meescht vun deene Lidder, wéi zb: Ka komme wat wëllt, Amerika läit just viroan Ëlwen, Véier Wochen, Just e Clown, Wann’s du nik weess wat lo man, de Flemms Blues a nach vill anerer sinn haut nach bekannt a beléift. Si stounge garantéiert fir den Ufank vu enger neier lëtzebuergescher Museks-Ära.

Och wa virdru schonns verschidde Museker sech ob Lëtzebuergesch ausgedréckt hunn, ass et awer bestëmmt deen Album, dee sécher derzou bäigedroen huet, dat duerno iwwert all déi Joren sech vill vun eise lokale Museker motivéiert hunn, fir hir Musek mat Lëtzebuerger Texter ze schreiwen. Als Erënnerung sief emol gesot, datt de Robert Stephen oder vill méi de Gollo Steffen wäit iwwert 100 Kompositiounen an exzellent Texter ob Lëtzebuergesch publizéiert huet. Nieft den original Memberen stinn och nach verschidden aner bekannten Invitéë mat op der Bün, fir aus dem Anniversaire en onvergiesslechen Owend ze maachen: de Serge Tonnar, d'Claudine Muno mam Thierry Kinsch an den Daniel Balthasar!

Gesang, Gittar Gollo Steffen Bass-Gittar Michel Bontemps Gittar Mil Garofalo Batterie Roger Hamen
Keys Camille Weber Keys & Gittar Daniel Eischen Perkussioun Netty Glesener
Very special guests: Serge Tonnar, Claudine Muno & Thierry Kinsch, Daniel Balthasar
 

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu