Concert

Sommerkonzert SOL: ZU WOLZ OP DER FESTIVALSBÜN

Sommer Orchestra Luxembourg
Leitung: Pit Brosius

 
© Max Mausen

01.08.2021 | 17:00 | Tickets


Ticket 24.0 €
Reduziert 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
-
Changement vun der Lokalitéit: Wéinst dem rezenten Héichwaasser, kann de Concert leider net ewéi geplangt am Mierscher Kulturhaus gespillt ginn.  De Concert vun e Sonndeg, den 01. August 2021 um 17:00 gëtt dowéinst op d'Festivalbün zu Wolz ( Amphithéâtre Wiltz ) verluecht !

-

De SOL a seng Museker.inne freeën sech, datt si op enger vun den traditiounsräichste Büne vum Land kënnen optrieden. De Concert op der Festivalbün leeft ënnert dem Régime vum CovidCheck of. De CovidCheck-System gëllt bei Manifestatiounen, déi fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn a bei deenen den Zoutrëtt Persounen virenthalen ass, déi geimpft, geheelt oder negativ getest goufen (entweder duerch ee Selbsttest op der Plaz oder duerch een zertifiéiert negatiivt Resultat). Kanner vu manner wéi 6 Joer musse kee Selbsttest op der Plaz maachen oder COVID-19-Zertifikat virweisen. Eemol gecheckt, kann de Public sech dann um Site fräi beweegen, an sëch seng Plaz nom Free Seating-Prinzip sichen.

D'Reservatioune lafe weiderhin iwwert d'Mierscher Kulturhaus an iwwer Luxembourg-Ticket mam Opruff wa méiglech direkt online ze bezuelen. Ticketen, déi scho fir de Concert am Mierscher Kulturhaus kaf gi sinn, bleiwe gülteg an d'Leit gi kontaktéiert fir iwert de Changement vun der Lokalitéit informéiert ze ginn. Ouni d'Zesummenaarbecht an d'Ënnerstetzung vu villen Institutioune wär et net méiglech gewiecht fir de Concert kuerzfristeg ze verleeën. D'Mierscher Kulturhaus an de Summer Orchestra Luxembourg si frou, dass d'lëtzebuerger Museksszen sëch géigesäiteg ënnerstëtzt.

Ee grousse Merci gëlt duerfir der Gemeng Wolz, der Coopérations asbl, dem Kinneksbond - Centre Culturel Mamer, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, dem Conservatoire de Musique du Nord an dem CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck.

Vum Summer Orchestra Luxembourg aus geet och ee grousse Merci un d'Ekipp vum Mierscher Kulturhaus, déi dem Orchester trotz de momentane schwieregen Ëmstänn ee Concert erméiglecht.
-

Das Sommerkonzert des Summer Orchestra Luxembourg unter der Leitung von Pit Brosius verbindet mehrere Epochen musikalischen Schaffens. Eröffnet wird das Konzert mit Arvo Pärts Cantus in Memoriam Benjamin Britten, einer tönenden Hommage an den britischen Komponisten Benjamin Britten dessen reine Musik Pärt faszinierte. Das Stück besticht durch seine Leichtigkeit, Intervalle entstehen und ergeben sich durch das einfache Thema. Es folgt mit Igor Strawinskys Dances concertantes eine Suite aus Tänzen im neoklassizistischen Stil mit den für Strawinsky charakteristischen schwungvollen Rhythmen und einer ausgetüftelten Harmonik. Bei dem 1941 in Hollywood komponierten Werk kommen durch die kleinere Orchestergröße einzelne Instrumente solistisch zum Vorschein. Wolfgang Amadeus Mozarts monumentale Sinfonie Nr. 41 in C-Dur "Jupiter" beschwingt die jungen Musiker.innen des Orchesters zu musikalischen Höchstleistungen. Die strahlende Tonart C-Dur entfaltet im vierten Satz, der von Virtuosität kaum zu übertreffen ist, ihre ganze Energie. Mozarts letzte Sinfonie zeigt in ihrer Kombination und Entwicklung von so vielen Motiven und Themen das mitreißende Genie des Komponisten. Das Sommerkonzert klingt mit diesem Meisterwerk auf eine Art und Weise aus, die sowohl einen Abschluss als auch den Beginn einer neuen Ära darstellt.

Programm
Arvo Pärt
Cantus in Memoriam Benjamin Britten
Igor Stravinsky Dances concertantes
Wolfgang Amadeus Mozart Sinfonie Nr. 41 in C-Dur "Jupiter", KV 551
 

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu