Concert

Wanterconcert

Mierscher Musek mam Ricardo Vieira, Zolwer Musek
Mat Rock, Pop a Blosmusek duerch de Wanter

 
Wanterconcert
Wanterconcert © Claude Lentz

17.12.2022 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu


Eintritt frei

 
Just viru Chrëschtdag invitéiert d’Mierscher Musek op hiren traditionelle Wanterconcert. Den Ufank mécht de Jugendensembel mat hirem Dirigent, dem Ben Brosius. D’Mierscher Musek, ënnert der Leedung vum Maurizio Spiridigliozzi, bitt hiren Nolauschterer duerno eng ofwiesslungsräich éischt Hallschent mat Rock a Pop. Begleet gi si dës Kéier vum Ricardo Vieira, Sänger, Schauspiller a Synchronspriecher. Nodeems hien 2005 Searching the Voice gewonnen huet, ass säin éischten Album She Do erauskomm. Bis haut ass de Ricardo nach ëmmer ganz aktiv an der Museks- a Kulturzeen mat Singers-Unlimited, Murphy’s Law an der Lëtzebuerger Revue.

Musikalesch Ënnerstëtzung kritt d’Mierscher Musek och nach vum Roberto Sorbelli um Bass, vum Sacha Arlé op der Gittar a vum Pagano Biagio um Keyboard.

Invité fir deen Owend ass dëst Joer d’Zolwer Musek mat hirem neie Chef, dem Claude Origer. Si presentéieren ee Programm deen, passend zur Joreszäit, de Publikum op eng musikalesch Rees mathëlt déi vun enger feierlecher Orchesterouverture aus der Romantik iwwert Originalwierker fir symphonesche Blosorchester a Filmmusek wäert féieren. Natierlech sinn och bekannte Chrëschtdagsmelodien um Menü.

1. Deel
Jugendensembel
Mierscher Musek & Ricardo Vieira

2. Deel
Zolwer Musek

Mierscher Musek
Direktioun Maurizio Spiridigliozzi
Jugendensembel vun der Mierscher Musek
Direktioun Ben Brosius

Harmonie de Soleuvre
Direktioun Claude Origer

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu