Concert

Wanterconcert

Mierscher Musek a Jugendensembel
Dirigent Maurizio Spiridigliozzi / Ben Brosius

 
Mierscher Musek Wanterconcert
© Mierscher Musek

21.12.2019 | 20:00 | Tickets
www.luxembourgticket.lu


Eintritt frei

 
Eng Woch viru Chrëschtdag ass den traditionelle Wanterconcert vun der Mierscher Musek. Zanter 12 Joer musizéiere si ënnert der Leedung vum Maurizio Spiridigliozzi. Erausgesicht ginn d’Partiture fir all Concert vun enger Programmkommissioun. Am éischten Deel kritt de Nolauschterer ofwiesslungs räich Stécker ze héieren, wou fir jiddereen eppes dobäi ass.

Am 2. Deel invitéiert d’Mierscher Musek gewéinlech eng aner Musek, déi dem Publikum hiert Kënne beweist. Begréisse konnte si ënnert anerem d’Douane’s Musek, Spuerkeess-Bankers in Concert oder déi Téitenger Musek. Frou ware si, datt de Musikverein Forbach aus dem Schwarzwald, mat deem d’Mierscher Musek eng grouss Frëndschaft verbënnt, schonn zwee Mol op Besuch war.

Den Owend gëtt genotzt fir eng Quête ze maachen, déi a Form vun engem Don un eng lokal oder national charitativ Organisatioun iwwerreecht gëtt. Dës Organisatioun ass deen Owend invitéiert fir sech virzestellen an een Abléck an hiert Schaffen ze ginn. An de leschte Jore waren dat zum Beispill d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf oder d’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung. Well Miersch 2019 ee Centre de Promesse hat, war den Erléis vum Wanterconcert fir den Télévie.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu