CAKU Kannerprogramm

D'Maus Kätti

Toile Si-Re nom Wierk vum Auguste Liesch
Musikalesche Figurentheater

 
D'Maus Kaetti
D'Maus Kaetti

24.01.2019 - 17.05.2019

24.01.2019 | 15:00 | Tickets
16.05.2019 | 15:00 | Tickets

Schoulvirstellung
24.01.2019 | 09:00
24.01.2019 | 10:15
25.01.2019 | 09:00
25.01.2019 | 10:15
16.05.2019 | 09:00
16.05.2019 | 10:15
17.05.2019 | 09:00
17.05.2019 | 10:15

Ticket 13.0 €
Reduzéiert 6.5 €
Kulturpass 1.5 €

 

D’Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach
zu Biermereng am Feld;
„Wéi schéin, denkt se, ass d’Liewen dach,
wéi gutt ass ’t op der Welt.“


Wien kennt se net, des Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger beléifter Maus Kätti, der Kusinn Mim aus Clausen an dem léiwe Metti? Dëst éischt Wierk vum Auteur gëtt 1936 verëffentlecht an entwéckelt sech schnell zu engem echte lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch déi berühmte Fabel vum Aesop vun der Land- an der Stadmaus an ee lëtzebuerger Kontext ze setzen.

An enger Welt, wou mir eigentlech „Alles“ kënnen hunn, wou vill ënnerschiddlech Liewensstiler méiglech sinn, wou déi individuell Fräiheet a Selbstverwierklechung eng grouss Wichtegkeet huet, wou mir de Choix hunn – l’embarras du choix – ass d’Thematik vun dëser Geschicht brandaktuell. Wat passt dann elo bei mech, wat gehéiert zu mir, wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou – a net mäi Noper oder meng Frënn, meng Famill oder mäi Partner – wat mécht MECH frou?

Alter +6 Joer (Cycle 2.1. - 4.2.) Sprooch Lëtzebuergesch Dauer 40 Min.

Handpoppen, Accessoiren, Bühn, d’Kusinn Mim Annick Sinner Musek (Kompositioun a Spill, Saxophon Sopran), d’Maus Kätti Nadine Kauffmann Mise en scène a Luuchtekreatioun Martine Conzemius Photokredit Annick Henricy Kostümer Toile Si-Re Produktion Toile Si-Re a.s.b.l., op Commande vum Ministère de la Culture

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu