CAKU Kannerprogramm

D'Mina an déi vergiesse Melodie *REPORTEIERT*

Trio DORA, fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven.
Musikalesch Opféierung

 
© Reservierte Rechte

14.06.2020 | 16:00 - 17:00
16.06.2020 | 16:00 - 17:00

Schoulvirstellung
16.06.2020 | 10:00 - 11:00
17.06.2020 | 10:00 - 11:00
17.06.2020 | 14:30 - 15:30
18.06.2020 | 10:00 - 11:00

Ticket 16.0 €
Kanner 8.0 €

 
*** Mir informéieren Iech hei iwwert déi nei Datumer sou bal wéi méiglech. D'Ticketen déi Dir fir d’Virstellunge vu Juni kaaft hat bleiwe gëlteg. Mir update reegelméisseg. Merci fir Äert Versteesdemech.***

D’Mina wunnt an engem grousse Schlass, an deem och schonns de Beethoven als Gaascht beim Fu?rst Lichnowsky gewunnt huet. De Viktor, e faarwegt an ëmmer gutt gelauntent Fantasiewiesen ass dem Mina säi Frënd. Och hien wunnt scho laang am Schlass an hat deemools de Ludwig van Beethoven héchstperséinlech kenne geléiert. Hien huet esou guer dierfe mam grousse Komponist zesumme sangen a musizéieren. Dowéinst weess hien och esou munch witzeg Geschicht z’erzielen. Mee wéi hien senger Frëndin seng Lieblingsmelodie vum Beethoven wëll virsangen, weess hien net méi wéi se geet … dat mécht hien traureg. Zesumme mat de Kanner siche mir no der verluerener Melodie. Vläicht kann eis de Mound weider hëllefen?

Fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven huet den Trio Dora an Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch an dem Jenny Spielmann eng musikalesch Opféierung kreéiert, an där d’Kanner d’Liewen an d’Musek vum Komponist op eng spilleresch Aart a Weis entdecke kënnen. D’Kanner ginn opgefuerdert sech aktiv op d’Sich no der verluerener Melodie vum Trio No3 Op1 vum Beethoven ze maachen. Wäerten si d’Melodie erëmfannen?

Dauer 50 Min. Alter 3-6 Joer (Cycle 1) Sprooch Lëtzebuergesch, Daïtsch Gebärdesprooch

CREATION CAKU

Piano
Annalena Castagna Gei Carole Mallinger-Leyers Cello Yves Tordy An Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch und Jenny Spielmann Oeuil externe Betsy Dentzer Gebärdeniwwersetzung  Lynn Menster Partner Centre de Logopédie Bühnebild a Kostümer Michèle Tonteling

CAKU

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu