CAKU Kannerprogramm

De Flöck

Mam Mady Durrer an Annick Sinner Regie Dietmar Blume
Theater & Poppespill

 
De Floeck
De Floeck

12.10.2017 | 15:00 | Tickets

Schulvorstellung
12.10.2017 | 09:30
13.10.2017 | 09:30

Ticket 15.0 €
Reduzéiert 7.5 €
Kulturpass 1.5 €

 
D’Margritte ass eng Molerin an huet en Hond dee Flöck heescht. Oder ass et ëmgedréint? De Flöck ass en Hond an huet eng Molerin déi Margritte heescht? Heiansdo freet ee sech dat, wann een deenen zwee nokuckt, wéi se hiert Onwiesen am Atelier dreiwen. Ween ass hei de Meeschter? Ass et wierklech d’Margritte, wat probéiert dass de Flöck net ze vill Duercherneen am Atelier mécht, an esou vläicht vergiesse wëll, dass de groussen Duercherneen bei him hannert der Stir ass? A ween ass hei de Kënschtler? Ass et net awer de Flöck, dee vläicht fir méi Chaos suergt, dofir awer och fir méi Kreativitéit, a mat sengen iwwerdimensionalen Oueren vläicht net gutt Nolauschtere kann, dofir op eemol ganz aner Saache fäerdeg bréngt?

D’Theaterstéck baséiert op dem Buch „De Flöck“ vum Mady Durrer an Annick Sinner, dat am November 2015 bei den Editions Guy Binsfeld a Coeditioun mat MASKéNADA eraus komm ass. Et ass eng Geschicht iwwert de Courage eppes Neies aus ze probéieren an iwwert d'Méiglechkeeten duerch Kreativitéit sech selwer a seng Identitéit ze fannen, besonnesch wann een anescht ass, kuerz, fir d'Oueren net hänken ze loossen, och wa se sou laang wéi dem Flöck seng sinn.

Spill Mady Durrer an Annick Sinner Regie Dietmar Blume Musek Eric Falchero Dekor a Kostu?mer Peggy Wurth Assistenz Corinne Van der Zande Produktioun a Kommunikatioun Dani Jung

Alter 4-8 Joer (1.1. - 3.1.) Sprooch Lëtzebuergesch Dauer 45 Min.

Ticket'en Schoulvirstellungen
T. (+352) 26 32 43 1 M. scolaires@kulturhaus.lu

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu