CAKU Kannerprogramm

De Pierchen an de Wollef

AllerRetour, Orchestre Estro Armonico Luxembourg, Mierscher Kulturhaus, Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Musekstheater adaptéiert mat Gebäerdesprooch

 
De Pierchen an de Wollef
De Pierchen an de Wollef

08.11.2018 | 15:00 | Tickets

Schoulvirstellung
08.11.2018 | 10:00
09.11.2018 | 10:00
09.11.2018 | 14:30


Reservatioun Schoulvirstellung
T. 26 32 43 1 M. scolaires@kulturhaus.lu
Umeldeformular



Ticket 16.0 €
Reduzéiert 8.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

Um Bord vum grousse Bësch wunnen de Pierchen an säi Grousspapp. De Grousspapp warnt de Pierchen an de Bësch eranzegoen, well de Wollef hei seng Ronnen dréit a well e su hongereg ass wéi eng Wanternuecht. Enges gudde Moie spréngt de Pierchen, faszinéiert vun der Schéinheet vun dësem geheimnisvolle Bësch, iwwert den Zonk a verléisst säi schützend Haus. Schnouer riicht geet en an de Bësch eran.
Op sengem Wee begéint hie sénge Frënn, dem Villchen an der Int déi duerch de Bulli ugewatschelt kënnt a monter schnaddert.
An de Pierchen? Ass hie prett dem Wollef, dee sech allze gäer am Schied vum Bësch verstoppt, ze begéinen? A wann den Ablack do ass, wäert hien en doud maachen, bezwéngen oder laafe loossen? Wéi wäert de Pierchen sech entscheeden?

Alter 5 - 7 Joer (Zyklus 1.2 - 2.2.) Sprooch Lëtzebuergesch / Deutsche Gebärdensprache Dauer 45 Min.

Résidence d’artistes
Traffik Theater werden vom 30.11. - 07.12.18 im Mierscher Kulturhaus in RESI-THEATER CAKU sein.

Erzielerin Frédérique Colling Künstlerescht Konzept Dan Tanson, Astrid Howard  Regie Astrid Howard Mise en scène vun der Reprise, Szenographie, Bühn a Figuren Dan Tanson Kostümer Peggy Würth Luucht Samuel Ponceblanc Schiedspill NN Dirigentin Jehanne Strepenne Gebäerden Dolmetscherin Véronique Steinmetz

Produktioun AllerRetour a.s.b.l. Koproduzenten Mierscher Kulturhaus, Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
An Zesummenarbecht mat Estro Armonico Luxembourg, Solidarität mit Hörgeschädigten a.s.b.l., Centre de Logopédie Partner Mierscher Musek

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu