Spektakel

Dee Leschte mécht d'Luucht aus

Kabaret Sténkdéier

 
Dee Leschte mécht d'Luucht aus © Claude Sibenaler
Dee Leschte mécht d'Luucht aus © Claude Sibenaler

10.11.2022 | 20:00 | Tickets
11.11.2022 | 20:00 | Tickets
12.11.2022 | 20:00 | Tickets
13.11.2022 | 17:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 22.0 €
Student 11.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

Also elo emol ganz éierlech, kann ee bei all deene Katastrophen nach Kabaret maachen?

D’Welt geet virun eisen Aen d’Baach an, an eis bleift de Mond opstoen: d’Klima hëtzt sech op, Corona setzt nach een drop, an der Ukrain gëtt geschoss, Bensinn a Mazout ginn alt méi deier an eng Wunneng ka geschwë keen sech méi leeschten. D’Regierung huet just nach d’Superwaljoer 23 am A an Italien ass net op der Weltmeeschterschaft.

An do wëlls de Kabaret maachen? Däerf een hautdesdaags iwwerhaapt nach Witzer rappen? An nach vill méi wichteg, däerf een iwwerhaapt nach iwwer déi Witzer laachen?

De Kabaret Sténkdéier beäntwert déi Froe mat engem klore Jo, well den Humor déi bescht a wierksaamst Medezin an dësen Zäiten ass a bleift.

Et spillen Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes Regie Joé Heintzen Musek Camille Nanquette Texter Roland Meyer

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu