Event

Een Hauch Orient zu Miersch

Expo 2020 zu Dubai

 

08.04.2022 | 14:00 - 20:00
09.04.2022 | 11:00 - 18:00

Eintritt frei

 
Een Hauch Orient zu Miersch
Wëllt Dir gär eng aner Kultur entdecken? An eng eemoleg Erfarung maachen? Ouni dofir mussen eng laang Rees a Kaf ze huelen?
Da kommt an erlieft de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltexpo zu Dubai 2020 hautno!

D’Gemeng Miersch an d’Mierscher Kulturhaus invitéieren Iech, fir de Stand op der Expo virtuell ze bereesen.
Dës eenzegaarteg Erfarung gëtt de Leit gratis an ouni RDV gebueden, de Freiden, 8. Abrëll vun 2 Auer mëttes bis 8 Auer owes an de Samschden, 9. Abrëll vun 11 Auer moies bis 6 Auer owes am Mierscher Kulturhaus.

Zum Oflaf: Dir huelt Iech Plaz, zitt de Kask iwwert de Kapp an d’An a “spadséiert” wärend 15 bis 20 Minutten iwwert de Pavillon zu Dubaï.
Dëse Stand mat 4 Kasken gëtt Iech gratis proposéiert vum Ministère fir d’Digitalisatioun.

Mindestalter: 13 Joer
Fir Är Sécherheet: no all Gebrauch gëtt de Kask komplett an der “Cleanbox” desinfizéiert – dës Technologie gräift op een ultra-violette Prozess zeréck.


 
Un flair d'Orient à Mersch
Voulez-vous vous évadez dans un pays lointain? Vivre une expérience unique? Sans devoir faire un long voyage?
Alors, venez découvrir le pavillon luxembourgeois de l’exposition universelle de Dubaï 2020 à travers la réalité virtuelle.

La Commune de Mersch et le Mierscher Kulturhaus vous invitent à découvrir virtuellement cet événement d’envergure mondiale.
Plongez dans une expérience immersive le vendredi 8 avril de 14:00h à 20:00h et le samedi 9 avril de 11:00h à 18:00h au Mierscher Kulturhaus.
Il suffit de prendre place, d’enfiler le casque de réalité virtuelle et de profiter d’une « promenade » qui durera environ 15 à 20 minutes.

Ce stand à 4 casques est proposé gratuitement et sans rendez-vous par le ministère de la Digitalisation.

Âge minimum requis: 13 ans.
Sécurité oblige, après chaque usage, le casque est entièrement désinfecté par la « Cleanbox » – une technologie au processus ultra-violet.








 

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu